De Summerhit vun Haut kënnt aus dem Joer 1985. Italopop war dee Moment schwéier ugesot. D'Lidd Tarzan Boy gouf vum Maurizio Bassi an Naimy Hackett geschriwwen.

Als Bridge am Lidd gouf d'Gebrëll vum Tarzan geholl. Dëse gouf esou verschafft, dass e vun der Tounlag an d'Lidd passt. Dat war den Image vum Lidd. Dernieft heescht et, dass de Sänger Jimmy McShane net selwer am Lidd ze héieren ass ma den Maurizio Bassi.
Tarzan Boy koum de 5. Abrëll vum joer 1985 eraus. Et stoung direkt an der Belsch, Holland a Frankräich op der Nummer 1 vun den Charts.
Och an Amerika konnt een e Succès verbuchen. Ëmmerhinn stounge Baltimora hei nach op der 13. Plaz.
Top 10 gouf et all Kéier an de Länner Däitschland, Éisträich, Schwäiz, England an Norwegen.
Och de Remix aus dem Joer 1993 konnt sech nach eemol gutt an den Charts placéieren. An den US Charts klëmmt Lidd nach eemol op d'Positioun 51.