Ufank Juli flitzen se zwar nëmme vereenzelt, mee dann tauche schonn déi éischt Perseiden an de Summernuechten op. An de leschte Julideeg ginn et der da méi a si schécken eis e ganze Koup Stäreschnäitzen. Bis Enn August kann een d'Meteorwollek vun de Perseiden um Himmel gesinn, an an der Nuecht vum 12ten op den 13ten August, also hënt, sinn dann déi meescht ënnerwee, Michèle?  

12082020 Perseiden

An dat ass meeschtens en impressionnante Spektakel deen een dann um Himmel gebuede kritt. Ween sech fir d'Evenement interesséiert, dee sollt hënt de Bléck an den Himmel geheien.
D'Perseiden tauchen am Stärebild Perseus op, dat an dëser Joreszäit an nordëstlecher Richtung um Himmel steet. Hei läit den Ausgangspunkt vun de Perseidemeteoren. D'Stäreschnäitzen déi mir gesinn si Stëbspartikelen, déi an d'Äerdatmosphär era kommen.

D'Perseide kommen awer net eréischt, si sinn eigentlech schonn do. D'Meteoren, déi mer als Stäreschnäizen um Himmel gesinn, tauche schonn op, iert de Maximum vun de Perseiden erreecht ass.

Fachleit rechnen op deenen Deeg ronderëm den 12. August mat extrem ville Stäreschnäizen an der Stonn.

Um Maximum flamen d'Stäreschnäitzen am Minuttentakt op. Dorënner sonn och ganz hell Exemplairen déi als Boliden oder Feierkugel bezeechent ginn. Viraussetzung dass een sech vill wënsche kann, ass dass d'Siicht kloer ass an net vun anere Liichtquelle beaflosst gëtt.

Wien d'Perseide fotograféiere wëllt, dee schafft am Beschte mat engem Wäitwénkelobjektiv op Stativ a Laangzäitbeliichtung. Fräi Siicht op de Spektakel huet een am Beschten a Richtung Osten respektiv Nordosten.