En Congé ouni an d'Vakanz ze goen kënnen sech der vill hautdesdaags schonn net méi virstellen. Ob et elo just bis op d'belsch Plage ass oder fir méi exotesch Destinatioun ze entdecken. Reesen ass en Deel vun eisem Alldag. Och wa mir grad hu missen léieren, wéi komplizéiert et a Krisenzäiten eigentlech ka sinn. Mee wouhier kënnt dat Bedürfnis vum Mënsch fir ze reesen? Eng kleng Geschicht vum Reesen.

14/08/2020 Geschicht vum Reesen

D'Mënschen waren schonn ëmmer ënnerwee. Als Nomaden konnte mir esou iwwerliewen. Am antike Griicheland huet ee sech op de Wee gemaach fir op d'olympesch Spiller, am alen Ägypten ass een d'Tempelen an d'Pyramiden kucke gaangen an am Mëttelalter war et den venezianeschen Händler Marco Polo, deen iwwert d'Seidestrooss an Asien gefuer ass. An am Joer 1492 koum dunn de Christoph Kolumbus, dee mam Schëff bis an Amerika gereest ass.

Ma et war awer eréischt am 18. Joerhonnert, wou d'Leit ugefaangen hunn ouni Grond ze reesen. Et war d'Gebuertsstonn vum Tourismus, wéi mir en haut kennen. Virdrun sinn d'Leit entweder fir ze Handelen gereest oder si sinn gepilgert, well se geduecht hunn domadder hire Fridden ze fannen. Dat och, well een ab deem Ament net méi sou vill Angscht vun der Natur hat. Fréier gouf een am Bësch iwwerfall oder et hunn aner Geforen do op een gelauert. D'Mënschen hu sech net ouni Grond an d'Natur getraut. Eréischt lues a lues hätten virun allem Leit, déi an den Stied deemools gewunnt hunn, den Drang gehat, fir eraus an d'Natur ze goen. Do wou et friddlech ass.

Gereest awer deemools och just deen, deen de richtegen Portmonni dofir hat. Den Adel an d'Leit aus der ieweschter Schicht sinn an Italien gereest fir sech weider ze bilden. Haut komme nach vill Touristen aus China extra an Europa fir dësen "Grande Tour" ze maachen. Och fir d'Dichter an d'Denker huet d'Reesen dozou gehéiert. Sou war de Goethe och bekannt fir seng Rees an Italien. Dobäi huet en alles a senge Bicher festgehalen an huet Bréiwer heemgeschéckt, wou dran ze liesen war, wéi wonnerbar dach dës aner Welt a Kultur hei wier. Bréiwer waren deemools fir si, wat haut fir eis haut Instagram ass.

Gi mer awer nach bëssi weider an der Geschicht kucken. Well bis mir am haitegen Zäitalter ukomm sinn, wou d'Reesen bequem, an och méi accessibel fir d'Massen ginn ass, hu nach e puer Saachen missen erfonnt ginn.  Sou wéi d'Eisebunn am 19. Jorhonnert. Domadder ass d'Reesen méi séier an och méi bëlleg ginn. Während dem zweete Weltkrich hu souguer d'Nationalsozialisten erkannt, dass d'Leit Loscht haten ze reesen an hunn "Kraft durch Freude" gegrënnt, déi deemools gréissten Reesagence.

Nom zweete Weltkrich huet et dunn bis Ufank vun de 60er Joren gedauert, bis d'Leit nees genuch Suen haten, fir ze reesen. Ab de 70er Joren ass een dann mam Jumbo bis erof an de Süden geflunn an zu deem Ament huet och de Wantersport  ëmmer méi Leit an d'Bierger gezunn.