De Vëlo krut am Confinement e groussen Opschwong. Iwwerall huet een der um Vëlo gesi fir mol e klengen Tour ze maachen. Firwat da mol net laange groussen Tour duerch d'Land maachen, hu sech 2 Dammen aus dem Éislek, Danielle Wagner a Michèle Kraus geduecht.

14/08/2020 Vakanz Doheem mam E-Bike

Si haten dat schonn s méi laang wëlles, ma elo wou dat mat der Vakanz an d'Ausland méi schwéier gouf, war d'Decisioun séier geholl. Et gouf geplangt an du goung et mat hiren E-Biken duerch Lëtzebuerg, vum Norden an de Minett. Dëst an Etappe vu 50-60 Kilometer den Dag an eng 475 Kilometer si bannent 8 Deeg zesumme komm. Geschlof gouf an de Jugendherbergen, Danielle Wagner.

14/08/2020 Vakanz doheem mam E-bike 1

An hire Luef geet un all Jugendherberge zu Lëtzebuerg an deene si waren. Sou eng Entreprise wéi dës muss natierlech geplangt ginn.

14/08/2020 Vakanz doheem mam E-bike 2

''Wenn jemand eine Reise tut, so kann er was erzählen'', dat ass dann natierlech och Fall fir d'Danielle an d'Michèle.

14/08/2020 Vakanz doheem mam E-bike 3

Eng vu ville Geschichten. Puer mol gouf sech verfuer, natierlech hate si vill ze vill Gepäck mat. An awer, de Fazit ass méi wéi positiv...

14/08/2020 Vakanz doheem mam E-bike 4

Merci dem Danielle Wagner fir an hirem flotten Temoignage d'Begeeschterung fir eist wonnerschéint Ländchen mat eis ze deelen. Vläicht kommt Dir jo op de Goût fir eng ëmwelt- a budgetsfrëndlech Tour mat ärem Drotiesel, ob elo elektresch oder net ze woen.

Op radio.rtl.lu waart op Iech eng flott Fotogalerie vun den 2 Dammen. Scrollt Iech roueg doduerch!