Di meescht kennen d'Nummer 1 am Lëtzebuerger Dammentennis wuel nëmmen duerch hir Assen um Terrain. Ma nieft dem Profisport, kritt een heiansdo och emol en méi privaten Abléck an d'Liewen vum Mandy Minella. Nämlech um Instagram-Account vun der Spëtzenathletin.

14/08/2020 Social Media Perséinlechkeeten: Mandy Minella

Et gehéiert hautdesdaags einfach zum Alldag vun engem Profisportler dozou, dass een och op de soziale Medien aktiv ass a weist, wat hannert de Kulissen vum Sport esou ofleeft, erzielt eis d'Mandy Minella. Dofir géing d'Mandy och probéieren hiren Account sou professionell, wéi méiglech ze halen an dofir dréinen sech déi meescht Stories a Biller ëm hiren Sport, den Tennis.

View this post on Instagram

@wta #WhatItTakes #Luxembourg #LetsMakeItHappen

A post shared by Mandy Minella (@mandyminella) on

An awer weist d'Athletin sech heiansdo och mol gären vun der méi privater Säit a post Fotoen vun hirem Mann, dee gläichzäiteg och hiren Trainer ass, an hirer klenger Duechter, dem Emma Lina.

An et hätt jo och seng positiv Säiten. Et géing ee ganz dacks Komplimenter kréien a Félicitatiounen fir eng Victoire. Och ass et eng Méiglechkeet fir op de ville Reesen mat de Frënn a Kontakt ze bleiwen, sou wëssen déi och ëmmer, wou ee grad drun ass.

Ma leider géing et ëmmer nees virkommen, dass een no engem verlueren Match och Messagen kritt, déi een net onbedéngt wéilt liesen. Am Tennis gëtt vill gewett an verléiert een dann, da géing ee scho mol richteg krass Commentairen hannerlooss kréien. Ma déi géingen d'Athletin elo awer kal loossen a si probéiert se sou gutt et geet ze ignoréieren.