Populär Iertemer a Legenden ronderëm prominent Leit ginn et der méi wéi genuch. War den Einstein wierklech net déi hellste Käerz um Kuch oder stëmmt et dass de Paul McCartney zanter dem Joer 1969 bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum? Seng Roll wier vun engem Doppelgänger ageholl ginn. Hei gitt der et gewuer!

14/08/2020 Promi Iertemer

Natierlech stëmmt dat net! De Paul McCartney huet bestëmmt en Doppelgänger, wann ee bedenkt dass all Mënsch ob dëser Äerd ob mannst 7 Stéck dovunner huet. Ma wéi ass déi Rumeur entstanen? Et huet mam Abbey Road Album ze dinn. Um Cover ass de Paul McCartney als eenzegen drop, dee Buerféiss iwwer d'Strooss leeft. An England gëllt dat als Symbol fir den Dout.
Leit ginn hei nämlech ouni Schong begruewen.
Dat ass natierlech Quatsch.
 
Anerer sinn der Meenung de Walt Disney hätt säi Kierper afréiere gelooss well hien der Meenung war, dass iergendwann eng Method fonnt gëtt hien erëm Lieweg ze maachen. Och dat ass e Mythos. Den Disney gouf am Joer 1966 ageäschert.

Deen een oder aneren kennt bestëmmt nach de Film "Der Blaue Engel" mam Marlene Dietrich. Si spillt hei an den 30er Joren d'Sängerin Lola Lola déi an engem Varieté schafft. Déi meescht Leit mengen dass mat "Der Blaue Engel" d'Sängerin selwer gemengt ass. Dat ass falsch. "Der Blaue Engel" ass de Numm vun der Bar an där si schafft.
 
Zanter de 90er Joren zirkuléiert dann d'Rumeur dass de Marilyn Manson an der US Serie "Wunderbare Jahre" d'Roll vum Paul Pfeiffer gespillt hätt. Déi Roll gouf awer vum Josh Saviano gespillt. Den Acteur an de Museker goufen iwwer Joren fir eng an déi selwecht Persoun gehalen. De Marilyn Manson dee mam richtege Numm Brian Hugh Warner heescht huet ni hei matgespillt.
 
An da kennt wuel jiddereen d'Rumeur dass den Albert Einstein net dee beschte Schüler sollt gewiecht sinn. Och dat ass falsch. A senger Zensur stoungen ëmmer gutt Noten. Firwat dat dacks esou ugeholl gouf läit un de Schoulen an deenen hier war. An der Schwäiz ass déi héchste Nout eng 6. Si entsprécht enger 1 an eisem Schoulsystem.