Eng praktesch Erfindung huele mer haut ënnert d´Lupp, déi eiser Ëmwelt awer ewell vill Problemer mécht. Och de Plastik ass duerch Zoufall entstanen.

10/08/2020 Onerwaart Erfindungen: Plastik

De belsch-amerikaneschen Chemiker Leo Hendrik Baekeland hat u sech wëlles, eng Aart Haarz ze entwéckelen. Dee sollt fir Pech agesat ginn a bei Beschichtungen. Aus all deene Chemikalien, déi en a sengem Kocher zesumme geréiert a waarm gemaach huet, gouf awer keen Haarz, mä Plastik. Esou huet en de Produit awer nach net genannt, de Baekeland huet "Bakelit" dofir gesot.
De Mann hat sech schonn a jonke Joren fir Chimie, Physik a Wirtschaft intresséiert. An der Owesschoul huet en esou gutt geschafft, dass e konnt op Gent op d'Uni goen. Am spéiden 19te Jorhonnert huet e selwer als Professer do geschafft.

En hat d´Chance fir seng Etüden an Amerika ze maachen an decidéiert do ze bleiwen. Seng éischt Erfindung war "Velox", e Fotopabeier, vun deem en d´Rechter fir eng Millioun Dollar u Kodak verkaaft huet. A vun deene Suen huet e sech den Dram vun engem private Laboratoire  erfëllt.

Do huet en och de Plastik erfonnt. 1909 krut en e Patent, an huet ee Joer drop d´"General Bakelite Company" gegrënnt. Eng Karriär an en Erfindergeescht, déi ausgezeechent goufen: Esou ass de Baekeland zum Beispill vun der "American Chemical Society" geéiert ginn, krut eng Hellewull Präisser a Medaillen, a gouf Member an der "American Philosophical Society" an der "National Academy of Sciences".

Et gouf och en Award nom Baekeland selwer benannt: deen ass fir Leit déi an den USA extra gutt am Beräich Chimie schaffen.