Vill Leit kennen eppes vun éischter Hëllef, well se schonn deen een oder anere Cours gemaach hunn. Dacks geet et do och ëm éischt Hëllef bei den Erwuessenen. Mee wéi ass et da bei Kanner oder Puppelcher, muss een do net nach aner Saache wësse, fir an engem Noutfall richteg ze reagéieren, Michèle?

21082020 Eischt Hellef bei Kanner

Déi meescht kleng Kanner si virwëtzeg a wëllen alles entdecken, esou dass et heiansdo schwéier ass fir d'Butze permanent am A ze behalen. Dat ass och e Grond wisou d'Kanner sech mol heiansdo wéi dinn, well se eng Gefor och net richteg aschätze kënnen. Eppes wat wichteg ass bei der éischter Hëllef vu Kanner, ass net ze panikéieren an e kille Kapp ze behalen, wéi de Romain Lemaire, Moniteur fir Éischthëllefscoure bei der Croix-Rouge an dem Cegedis eis erkläert.

Wichteg ass et fir net ze panikéieren, well dacks ass et esou dass och bei enger klenger Wonn vun den Elteren de Schreck am Gesiicht sëtzt, wat sech dann op d'Kand iwwerdréit an doduerch d'Saach nach méi schlëmm mécht wéi se vläicht ass.

Wann e Kand sech liicht geschnidden huet, sollt een t'éischt iwwerpréiwen op d'Wonn propper ass a keng spläiter oder Schierbelen an der Wonn sinn. Mat Waasser auswäschen an eng Plooschter drop fir dass kee Knascht méi an d'Wonn kënnt, dierften hëllefen. Bei engem déiwe Schnëtt ass et wichteg fir d'Bluddung séier ze stoppen a jee no deem och mam Kand an eng Klinik ze fueren, wann et eventuell misst gebitzt ginn.

An der Éischthëllefskëscht si steril Kompressen, déi sollt een direkt mol op d'Wonn drop maachen, a mat engem Drockverband d'Bluddung stoppen. Dee Moment ass och d'Wonn aus den Ae vum Kand, esou dass do net méi esou séier Panik kann entstoen.

An der Kiche kann et och mol zu Verbrennunge kommen, wann e Kand e gliddegt Dëppen oder eng Pan upaakt, den Uewen oder d'Kachplack beréiert. Och hei muss een direkt handelen. Fléissend Waasser ass hei direkt ubruecht, wat eng Temperatur vun 15-25 Grad huet, wat een 10-15 Minutten driwwer lafe léisst.

Bei enger schwéierer Verbrennung muss een och direkt Hëllef ruffen, dass d'Kand an d'Klinik kënnt a behandelt ka ginn.

Eng weider beängschtegend Situatioun kann optriede, wann d'Kand Eppes an den Mond hëlt, wat am Hals stieche bleift. Sollt eng Erstéckungsgefor bestoen, heescht et besonnesch séier handelen, well d'Kand net méi richteg ootme kann.

Hei sollt een sech direkt mam Kand sëtzen an et mam Kapp no ënnen iwwert de Knéi leeën, esou dass d'Schwéierkraaft mathëlleft fir d'Stéck esou séier wéi méiglech aus dem Hals eraus ze kréien. Wärenddeem soll ee 5 Mol tëscht d'Schëllerblieder op de Réck klappen.

Dat Wichtegst ass am Bezuch op d'Éischt Hëllef fir d'Situatioun ze bewäerten, an eng séier Decisioun ze huelen op e Kand an d'Klinik muss oder net. Et gi Blessuren déi ee selwer behandele kann, ma esoubal een d'Gefill huet dass een d'Situatioun net am Grëff huet, net zécke fir direkt an d'Urgence ze fueren oder de Rettungsdéngscht ze ruffen.

Ganz genee, well an esou Situatiounen zielt all Sekonn, a beim 112 gëtt een och vu geschoulte Leit begleet a kritt Instruktioune fir weider éischt Hëllef ze maache, wärend d'Ambulanz um Wee ass.