D'Mask ass den Ament ee vun de wichtegste Gestes-Barrièren, déi mir am Kampf géint d'Verbreedung vum Coronavirus hunn. Heiansdo dréckt si d'Oueren awer elle no fir, dat gesäit dann ee Moment ganz komesch aus. Ob mir fäerte mussen, dass sech eis Oueren dann op Dauer verformen kënnen, dat huet d'Lea Schwartz fir eis nogefrot.

25/08/2020 Seegelouere wéinst Masken?

Zanter dem 20. Abrëll un, ass de Mondschutz obligatoresch iwwerall do wou keng 2 Meter Distanz kënnen agehale ginn. Dat si schonn méi wéi 4 Méint hier. Mëttlerweil begleeden eis d'Masken iwwerall am Alldag. Sief et zum Beispill fir schaffen ze goen, beim akafen oder wann ee mam ëffentlechen Transport ënnerwee ass. Dat alles geet just mat enger Mask. No enger Zäit kann et awer sinn, datt een d'Oueren wéi kritt. Méi genee déi Plaz hannert den Oueren. Oder et klemmt een sech d'Oueren esou an, dass si méi wäit wéi gewéinlech vum Kapp fort stinn. D'Masken hätten awer keen Afloss op d'Form vun eisen Oueren. De plastesche Chirurg Dr. Ramin Assassi.

Dr. Ramin Assassi: Et ass eigentlech ausgeschloss, dass duerch d'Droe vun der Mask, wéi mir si alldeeglech Droen, d'Oueren oder d'Form vun den Oueren sech veränneren. Dat ass net méiglech. Dofir ass de Knorpel vum Ouer ze fest.

De Knorpel gëtt d'Form vum Ouer fir. Seng Struktur ass elastesch, dofir ass d'Ouer och esou flexibel a verformbar. Mee kënnt ëmmer nees a seng natierlech Form zeréck. A wéi déi ausgesäit, dorobber hu mir keen Afloss.

Dr. Ramin Assassi: Dat ass genetesch bedéngt, do kann een sech bei den Elteren, meeschtens bei der Papp oder der Mam bedanken. Dat ass reng genetesch bedéngt. Et ass keen äusseren Afloss, deen do matspillt

Ass deen nämlech eng Kéier ausgewuess, kann sech net méi vill un der Form vum Ouer änneren.

Dr. Ramin Assassi: Normalerweis net, ausser et hätt een elo iergendeng Krankheet vum Knorpel. De Knorpel ass a jonke Joren bei Klenge Kanner nach verformbar. Mee wa mir erwuesse sinn, dann ass dee quasi esou verfestegt. Ausser et hätt een elo e groussen Accident,ee staarkt Trauma, wat vu baussen géif op d'Ouer wierken an d'Ouer verletzen. Dat kéint d'Ouer nach verformen. Mee soss duerch eng Mask oder eng Mutz ass et quasi ausgeschloss, bei engem normale Mënsch, dass sech do d'Ouer verformt.

Och wann sech d'Ouer net verformt, kann d'Droen vun der Mask no enger Zäit onangeneem sinn. Dofir gëtt et zum Schluss nach e klengen Tipp, wéi een den Drock hannert dem Ouer reduzéieren kann.

Dr. Ramin Assassi: Déi Masken, déi mir am OP benotzen. Dat si Maske mat Bännercher, déi maache mir dann hannen um Kapp fest. Déi si bësse méi ëmständlech fir se unzedoen. Mee déi droen sech awer vill méi bequem, well een den Drock einfach gutt doséiere kann.

Et hëlleft och schonn Jerseystoff ze huelen, amplaz vu Gummisficellen. An dann och bëssen méi décker fir, dass d'Bänner net esou an d'Haut aschneiden.

Ganz dovun ofgesi wien seet dann, dass Oueren déi wech stinn, eppes Schlechtes sinn? De Will Smith ass wuel ee vun deene bekanntste Gesichter, deem seng Ouere wechstinn. Ma och Marke wéi Louis Vuitton, Prada, Miu Miu a vill anerer setzen op Modeller op hiren Defiléë wéi d'Daphne Groenveld a Mayka Merino mat groussen Oueren.