"Sinn ech dat wierklech op der Foto?" déi Fro stellt een sech heiansdo wann een e Fotoalbum aus senger Kandheet duerchbliedert. Iwwerdeems huet een dacks Biller aus dëser Zäit am Kapp, Erënnerungen déi engem esou däitlech schéngen wéi wann et gëschter gewiescht wier. An hirem Buch "Enfance instantanés" beschäftegt sech d'Carla Lucarelli mat dësem Phänomen an deelt hir eege Kandheestandréck mat de Lieser. D'Bea Kneip huet d'Detailer.

27/08/2020 Lecture vun heiheem: "Enfance, instantanés" Carla Lucarelli

Téiteng, eng Kandheet an de 70er Joren. Eent vun den fréiste Biller déi der Carla Lucarelli am Gediechtnis hänke bliwwe sinn, ass dat vun engem Puppelchen, déi kleng Schwëster déi just op d'Welt komm ass. D'Carla huet 4 Joer. Handaarbechtscours an der Primärschoul, an der Papeterie eng nei Füllfieder eraussichen, Vakanzen bei der Famill an Italien. Et si Momentopnamen, Fragmenter déi zu engem Ganzen zesummewuessen an eng Bréck bauen zeréck an eng Zäit an der d'Liewen méi einfach geschéngt huet, wéi d'Carla Lucarelli am Interview verrooden huet.

Fro: Du hues deng Kandheet als eng Serie vu Biller duergestallt, déi méi oder manner schaarf am Gediechtnis hänke bliwwe sinn. Firwat déi Form fir dat opzeschaffen?
Carla Lucarelli: Wat d'Form ugeet, et ass am Fong ugaangen, et war mir net esou gutt gaangen, an du sinn déi Biller erëm komm. Wann et mir heiansdo net gutt geet, dann denkt een, ech mengen  dat mécht all Mënsch, u seng Kandheet zeréck, déi schéi Saachen, "an do war d'Welt nach an der Rei"...Bon, ech mengen dat ass Proust: op eemol e Geroch an dann ass déi ganz Atmosfär erëm do, déi een dee Moment hat. An op eemol hat ech Angscht, du hunn ech geduecht, wat méchs du wann déi Biller net méi do sinn? 
Oder wanns de déi eng Kéier net erëmfënns, oder kommen déi villäicht eng Kéier net erëm? An du hunn ech ugefaange mat schreiwen, du hunn ech ugefaangen déi Biller festzehalen. An du hunn ech fonnt, dat géif e klengt Bichelche ginn. An ech wollt och, dass et kleng géif bleiwen well ech wollt, dass ee géif erausgoen, dass een net saturéiert wier, dass een net géif mengen: " uff, endlech hält dat Buch op!" 
An ech wollt och fir mech net zwéngen, ech wollt näischt drécken, ech wollt just déi Saachen déi erëmkommen. Net: "Esou, elo méchs du awer bewosst en Effort". Nee, just déi Biller déi erëmkommen, an déi ausbauen. 

Fro: Du hues och elo net mat dengen Elteren doriwwer geschwat? Deng Schwëster huet et, mengen ech, awer gelies?
Carla: Jo, hat huet et am Nachhinein gelies. Et war natierlech immens witzeg mat him doriwwer ze schwätzen, well hat hat ganz aner Erënnerungen. Hat ass och véier Joer méi jonk. Bei verschiddene Saachen huet hat gesot: "Ah sou, war dat esou?" An dat war nawell witzeg, do gesäit een wéi am Fong geholl d'Saachen ënnerschiddlech opgeholl ginn.     

Fir d'Carla Lucarelli war dëst e ganz perséinleche Projet, ugangs hat si och net dru geduecht fir en als Buch erauszebréngen. Zil war et déi eegen Erënnerunge festzehalen a se fir hir Duechter an hir Niess opzeschreiwen. Fir net ze vergiessen wou hir Famill hirkënnt, aus einfache Verhältnisser, engem klengen Duerf an Umbrien, wou d'Liewen dacks beschwéierlech war, an an d'Schoul goen, keng Selbstverständlechkeet. 
"Enfance instantanés" ass keng langootmeg Autobiografie, et ass, wéi den Titel et scho seet, eng Sammlung vu Schnappschëss déi de Lieser inspiréieren fir sech villäicht op déiselwecht Manéier mat der eegener Kandheet auserneenzesetzen.     

"Enfance, instantanés - à l'aube de la mémoire" vun der Carla Lucarelli ass an der Kollektioun "autobiograPHIe"bei den éditions Phi erauskomm