Elo nodeems et wéinst dem Covid-19 méintelaang zimmlech roueg an der Kulturzeen hei am Land war, fänkt et awer och do erëm esou lues un ze bougéieren. An deem Sënn sollt Dir Iech onbedéngt elo schonn e Samschdeg den 12. September an Ärem Kalenner rout usträichen well do erwaart Iech e kulturellen an interdisziplinäre Festival deen een net verpasse sollt, d'Nicky Soisson mat den Detailer.

28082020 Festival this is a human's world

This is a human's world - esou den Numm vun der 1. Editioun vun engem Festival deen den 12. September zu Téiteng stattfënnt. Zesumme mat der Commission de l'égalité des chances vun der Gemeng Käl/Téiteng organiséiert d'Schungfabrik deen Dag en e bëssi anere Festival mat engem Mix aus Musek, Literatur an Danz. Firwat e bëssi aneren? Dat erkläert eis de Pascal Useldinger, Chargé culturel vun der Schungfabrik an Initiateur vum Festival: 

De Festival ass alternativ a progressiv, en ass u sech geduecht an der heiten Editioun fir d'Feminitéit an all sengen Aspekter ze zelebréieren an eben eng vill méi décontractéiert Vue op déi ganz Thematik a vill méi eng Zelebratioun vun der Feminitéit wéi elo e lamentéieren a sech bekloen. Also vill méi ze zelebréieren, zesummen ze kommen an e Constat ze dresséieren vläicht éischter vun deene positive Saachen an Alternativen ze bidden wéi sech elo déi ganzen Zäit iwwer Saachen opzereegen.

De Programm ass deen Dag, wéi et sech fir e Festival gehéiert, natierlech gutt gefëllt. Nieft

Museksgruppe wéi  als Headliner, stinn awer och nach aner Saachen um Programm:

Wa mer elo vun der Musek schwätzen hu mer C'est Karma, Nikool, Francis of delirium, Aishhinka an Edsun. Och Danzperformancen engersäits vum Simi Chmiddanerersäits awer och vun enger hollännescher Danzkompanie déi e Stéck wäerte presentéiere wat heescht "Life is short, buy that dress" wou et u sech eng Kritik ass un d'Aart a Weis wéi mer Kleeder hautdesdaags konsuméieren. Parallel dozou huelen ech dann och Stänn heihinner well et net nëmmen duer geet eng Kritik sou ze äusseren mee vläicht och eng Alternative ze bidden. Voilà, dat heescht Musek, Dance, Fashion, Theater...Theater mat 2 Monologe aus engem Theaterstéck wat heescht "Le courage", wat u sech vill méi e schwéiert Thema ass wou et drëms geet wéi Fraen op der Aarbechtsplaz ënnerdréckt ginn, wou et och e bëssi ëm d'Inegalitéite tëscht den Hautfaarwe geet a sou weider a sou virun.  

Do donieft gëtt och eng Table ronde organiséiert mat Diskussioun ronderëm d'Roll vun der Fra an dem Mann an eiser Gesellschaft.

Wann Dir dëse Festival net verpasse wëllt, da sollt Dir Iech am Viraus umellen:

Mir maachen alles fir d'Leit kënnen ze accueilléieren ënnert de Sécherheetsmoossnamen déi den Ament gëllen, dat heescht mir hu gekuckt, dass mir wierklech e reduzéierte Publikum hunn tëschent 80 an 100 Leit ongeféier.

Är Plaze kënnt der gratis reservéieren op

an do hutt Dir d'Méiglechkeet 3 Plages horaires erauszesichen, dat heescht eng Plage Horaire vu 14 bis 17 Auer, eng vu 17 bis 20 Auer an eng vun 20 bis 23 Auer oder eben déi 3 wann Dir wëlles hutt de ganzen Dag um Festival ze bleiwen. Wat einfach ass fir dass mir eng Kontroll hunn, fir dass mir wësse wien zu wat fir engem Moment do ass a fir dass d'Leit sech einfach gutt spieren.

Den Entrée ass wéi gesot gratis. Sämtlech Informatioune ronderëm dëse Festival fannt Dir op der Internetsäit vun der Schungfabrik.