En gesäit e bëssen aus wéi en Ee a soll sou spuersam sinn, wéi nach kee virun ëm. Den Celera 500L ass de neien Fliger vun der kalifornescher Entreprise "Otto Aviation" a versprécht, dass mir an Zukunft bal fir de selwechte Präis kënne fléien, wéi wa mir eis an en risegen Jumbo sëtzen.

03/09/2020 An Zukunft nëmmen nach mam Privatfliger?

An dobäi soll en och nach vill méi spuersam ginn. Et soll d'Revolutioun am Loftraum an am Transport vu Passagéier ginn. Dat versprécht déi ambitiéis amerikanesch Firma vum William Otto. Virdrun huet de geléierten Physiker a Mathematiker un Torpedos an Interkontinentalrakéiten gebaut. Haut ass hien de Chef vun senger eegener Entreprise a wëll mat sengem Probellerfliger Celera 500L de Marché fir sech gewannen.

Virun allem an Zäiten vun Corona, wier et dach schéin, wa mir eis net méi missen mat honnerte vu Leit an ee Fliger drätschen. Ma sech privat e Fliger ze lounen, bleift fir vill Leit en Dram, dee wahrscheinlech ni an Erfëllung wäert goen. Schliisslech géingen d'Präisser den Ament bei ronn 3000 Dollar pro Stonn leien. Dobäi kënnt, dass d'Aviatioun, sou wéi se elo ass, immens schlecht fir eis Ëmwelt ass. Et kéint dach net sinn, dass mir elo schonn zanter Joerzéngten am Status Quo hänken. Et misst eppes an der Industrie geschéien. "Mir mengen, dass den Celera 500L dat Gréissten ass, wat der Aviatiouns- an der Reesbranche an de leschten 50 Joer geschitt ass", sou de William Otto.

© Otto Aviation

Am Fliger wier Plaz fir 6 Passagéier. En gesäit vu baussen e bëssen aus wéi en Ee, dat fléien kann. A genee dat wier dat Speziellt dorunner. Déi Form géing dofir suergen, dass d'Loft mat besonnesch niddregem Widderstand ronderëm de Fliger stréimt. Doduercher géing d'Loft ronderëm de Fliger ouni Turbulenzen stréimen. An dat géing dofir suergen, dass een doduerch vill manner Sprit géing verbrauchen. Elleng beim Sprit wier den Celera 500L 8 mol sou effizient, wéi en normalen Passagéierfliger. Dobäi kéint de Fliger eng Autonomie vu bis zu 8000 Kilometer hunn. An doduercher kéint d'Privatfléien dann och an Zukunft vill méi bëlleg ginn, wéi dat haut nach de Fall ass.

© Otto Aviation

Allerdéngs misst een awer nach ofwaarden, ob dës Zuelen och an der Praxis machbar sinn, well schonn eleng kleng Ännerungen un der Uewerfläch, wéi zum Beispill doudeg Insekten, kéinten de Stroum ronderëm de Fliger veränneren. An doduercher géing da nees méi Sprit verbraucht ginn.

Bis 2023 wéilt een den Celera 500L vun der amerikanescher Agence fir Fluchsécherheet unerkennen loossen.