Am Abrëll 2019 war den däitschen Auteur Saša Stanišić am Mierscher Literaturarchiv op Besuch fir eng Liesung zesumme mat der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Elise Schmit. Den Auteur, dee fir säi Roman "Herkunft" d'lescht Joer den däitsche Buchpräis gewonnen hat, huet elo 3 Lëtzebuerger fir eng Liesung op Hamburg an d'Elbphilharmonie invitéiert. Wien bei dësem Evènement mam Titel "Saša Stanišić präsentiert Luxemburg" wäert dobäi sinn, dat verréit Iech d'Bea Kneip

03/09/2020 Lecture vun heiheem: ""Saša Stanišic präsentiert Luxemburg"

"Ausgezeichnet" esou beschreift de Saša Stanišić déi zwou Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen déi hien fir den 12te September op Hamburg invitéiert huet. "Ausgezeichnet" bezitt sech engersäits op d'Qualitéit vun hirer literarescher Aarbecht an op der anerer Säit dorop dass se allebéid mat engem wichtege Präis ausgezeechent goufen: dem Servaispräis. Rieds geet vun der Nora Wagener an der Elise Schmit:
Elise Schmit: D'Iddi fir deen Owend ass d'lescht Joer entstaanen. Do war de Saša Stanišić am Abrëll am Centre National de Littérature. Mir haten do eng gemeinsam Liesung an dat war flott an interessant, mir haten eis vill ze soen. A schonn deen Owend selwer hate mir eis geduecht mir wéilten eis am Fong an engem ähnleche Kader erëmgesinn, awer déi Kéier zu Hamburg, wou hie wunnt. 

Nieft deenen zwou Autorinnen ass och e Lëtzebuerger Museker a Komponist mat dobäi deen iwwregens net fir d'éischt an dem renomméierten Haus optrëtt:

Elise Schmit: Et ass net nëmmen eng Liesung, et ass am Fong och hallef Concert. De Pascal Schumacher wäert Stécker aus sengem neien Album präsentéieren. Da liesen d'Nora Wagener an ech jeweils ganz kuerz. Ech liesen eng Erzielung, d'Nora liest aus sengem neie Roman deen elo bei Binsfeld erauskënnt an da schwätze mir awer och mam Saša Stanišić zesummen iwwer d'Schreiwen an iwwer d'Schreiwen zu Lëtzebuerg haaptsächlech, well dat fir en däitsche Public jo net esou bekannt ass. 

D'Nora Wagener dann wäert zu Hamburg aus hirem neie Roman virliesen

Nora Wagener: Ech si mat engem neie Buch do. Dat wäert dann och den 12te September erauskommen an dann och zu Lëtzebuerg an de Librairien ze kafe sinn. Ech hunn e Roman geschriwwen op Däitsch. D'Buch heescht "Alle meine Freunde", den Ënnertitel ass "Der Roman zur Kreuzfahrt". Et geet ëm eng Croisière, et geet ëm Lëtzebuerger an et wäert dann och aus der Perspektiv vu verschiddene Figuren iwwert déi grouss Rees erzielt ginn. Ech wäert dann och zu Hamburg déi éischte Kéier aus deem Buch virliesen.   

D'Evenement  "Saša Stanišić präsentiert Luxemburg" gëtt am Kader vum Harbourfront Literaturfestival organiséiert. D'Ënnerstëtzung duerch de bosnesch-däitsche Buchpräis-Laureat, deen och dacks als "Shooting-Star" vun der däitscher Literaturzeen bezeechent gëtt, dierft villes zur Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Literatur am Ausland bäidroen. A wie weess, villäicht ass jo och deen een oder anere Literatur oder Musek-Fan zoufälleg zu Hamburg oder huet Loscht kritt fir e Weekend dorobber ze fueren, da soll ee sech de Rendez-Vous onbedéngt notéieren! 

An dee Rendez-Vous ass e Samschdeg 12te September um 12h00 an der Elbphilharmonie. Méi Detailer fannt Dir op rtl.lu an um Site vun der Hamburger Elbphilharmonie.

© Katja Sämann

© Boris Loder

© RTL/Bea Kneip

© Marc Lazzarini