Et ass éischter onwahrscheinlech, dass mir soubal nees aus dem Home Office entlooss ginn an dass mir all zesummen nees zréck op den Büro dierfen. Fir verschiddener kléngt dat nawell ganz attraktiv. Well et huet jo och seng Virdeeler. Et brauch ee net am Stau ze stoen an sech presentabel unzedoen. Ma dofir kann Doheem awer mol séier déck Loft opkommen.

04/09/2020 Richteg Lëften am Home Office

An dat net, well Dir mat iergendengem Doheem uneneen gerot. Ma éischter well Dir net genuch lëft. Frësch Loft wier nämlech immens wichteg fir eis Produktivitéit während dem Schaffen. Da gëtt eise Kierper mat frëschem Sauerstoff versuergt a mir gi manner midd an domadder léist dann och eis Konzentratioun manner no.

Dofir hei e puer Tipps, wéi Dir en gutt Klima bei Iech Doheem kënnt halen. Virun allem och dann, wann Dir keen eegenen Büro hutt, ma den Dësch an der Stuff oder der Kichen dofir ëmfunktionéiert gëtt.

Och wann et lackeleg ass, fir net méi brauchen bis virun d'Dier ze goen, fir eng Zigarette ze fëmmen. Sou ass et dach besser, fir d'Loft am Raum, wann Dir dobaussen fëmmt. Ma och Ären Drucker produzéiert a grousser Quantitéit réngen Stëbs. Dofir stellt en weit genuch vun Iech ewech an am beschten direkt nieft d'Fënster. Doduercher evitéiert Dir net nëmmen de Kaméidi vum Drucker, mee och den Elektrosmog.

Zweetens ass et wichteg, dacks genuch d'Fënsteren grouss opzemaachen a frësch Loft an de Raum kommen ze loossen. Well wann Äre Computer bis waarm gëtt, dann ginn do och Chemikalien fräigesat, déi net angenehm sinn fir eis. Virun allem wann Dir sollt an Ärer Kummer oder am Kannerzëmmer schaffen. Ideal wier et dofir véier bis fënnef Mol den Dag alleguer d'Fënsteren am Raum während 20 Minutten opzemaachen.

An Drëttens hutt Dir am beschten, wann Dir alles ewech leet, wat Stëbs kéint afänken. Also fort mat den Dekokëssen, der Kollektioun un d'Doftkäerzen an den sëllechen Vasen. Geheit och de ganze Pabeier ewech um Büro, deen Dir net méi braucht, well och do sammelt sech Stëbs un. A wat fir een besseren Grond, fir endlech Uerdnung an de Chaos ze kréien.