Déi éischten Deeg vun där onprobabelster Zort vum kulturellen Zesummekommen an dësem komesche Joer - engem Festival, méi konkret dem Filmfestival vu Venedeg, sinn iwwerstanen. Zënter e Mëttwoch sinn d'Ae vun de Cinephillen an de Veneto geriicht. Den Tom Dockal ass op der Plaz a léisst déi éischten Deeg Revue passéieren.

05/09/2020 Filmfestival Venedeg -éischt Filmer ënner besonnesche Konditiounen

An den USA gëtt et Stëmmen, déi d'Kinoen an d'Distributeuren beschëllegen, komplett irresponsabel ze sinn, andeems se sech umoossen e Blockbuster vun der Gréisstenuerdnung "Tenet" erauszebréngen, d'Leit en masse an de Kino ze lackelen, ergo potenziell nei Infektiounswellen ze provozéieren.

Op dëser Säit vum grousse Pull rifft de spueneschen Art-House-Film-Gott Pedro Almodovar zu Venedeg d'Leit dozou op, d'Iddi an d'Institutioun Kino net stierwen ze loossen. "Gitt Filmer kucken", sou seng kloer Uso.

© AFP

Den Almodovar bréngt mat engem Saz op de Punkt, firwat dës Editioun vum Festival steet. An dësem Joer wuelverstanen. Well datt dat hei ass, grenzt bal un e kulturpolitescht Wonner. An d'Italiener maachen dat an aller Rou, entspaant an dach organiséiert.

De Mond- an Nueseschutz muss an de Kinossäll ubleiwen, genee ewéi u sech um ganzen Terrain vum Festival. A wann een awer emol d'Mask ofdeet, well bausse riets a lénks meterwäit kee steet, da kritt een och net de Kapp ofgerappt.

© AFP

All Bedeelegt - sief et Invitéeën, Presseleit, Distributeuren an esou guer den normale Public -  sinn einfach frou, datt eppes ass. Well Venedeg signaliséiert domadder e Liichtbléck Normalitéit - datt et weidergoe kann, soll a muss. A wann dat och mat Maske geschitt, mat 50% verklengerte Sallkapazitéiten a manner Leit - et gëtt gemunkelt, dat tëscht 4 a 5.000 Leit akkreditéiert sinn - dann ass et esou. Zum Vergläich: u sech sinn hei tëscht 14 a 16.000 Leit. Egal. D'Projektere lafen.

Et ass u sech esou flott, nees ënner Gläichgesënnte Filmer aus allen Häre Länner ze kucken, datt et bal egal ass, ob d'Filmer eppes sinn oder net. Nujee, ganz wouer ass dat natierlech net. Well wann all Dag op mannst ee Kompetitiounsfilm engem d'Gefill gëtt, datt ee seng Zäit dach awer besser a seng Steiererkläerung géif stiechen, dann ass dat net gutt.

Fallbeispill dofir: den héichpoléierten a mat Gel hydroalcoolique vun all Interêt desinfizéierten Libesthriller "Amants" vum Nicole Garcia. Wa Pierre Niney a Stacy Martin mat eidelen Aen duerch e Film trëllen, dee just esou vu penibele Revirementer a studenteschen Dialoge lieft, dann duerf ee sech d'Fro stellen: wier dat heiten an enger Kompetitioun vun engem "normale Festivalsjoer"? Sécherlech net. Mä Haaptsaach d'Schauspiller konnten op Mauritius schaffe goen.

© AFP/Alberto Pizzoli

Mol vun de klenge Filmer an den Nieweselektiounen ofgesinn, ënnert deene sech och schonns déi éischten Deeg kleng Bijoue fanne gelooss hunn, sief ganz kuerz de Kompetitiounsfilm "Quo Vadis, Aida?" vun der bosnescher Réalisatrice Jasmila Zbanic ervirgehuewen. De Film erzielt op eng einfach a gläichzäiteg häerzergräifend Aart a Weis vum Massaker vu Srebrenica am Summer '95.

De grousse poetesche Kinosament huet zwar nach op sech waarde gelooss, mä de Festival huet jo elo mol ugefaangen. Et geet nach eng Woch weider.