D'Iddi gëtt et scho laang. 1973 huet deen éischten kooperativen Supermarché zu Brooklyn, New York opgemaach. Och a Frankräich verbreet sech dëst Konzept ëmmer méi. An d'lescht Joer war dann och de Startschoss, fir deen éischten vu senger Zort hei zu Lëtzebuerg.

14/09/2020 Altercoop: E Supermarché fir matzemaachen

Inspiréiert u sengem amerikaneschen Virgänger, wollt e Grupp vu Leit hei zu Lëtzebuerg och endlech e Supermarché opmaachen, deen qualitativ héichwäerteg Produiten zu engem gënschtegen Präis verkeeft. Wéi geet dat? Ma andeems ee sech selwer och ëm de Supermarché këmmert an aktiv mat dru schafft. Dat ass nämlech d'Konzept hannert enger Kooperativ, sou den Eugène Becker, dee vun Ufank un mat dobäi ass.

Dat Speziellt dorunner ass, dass een och just dann dierf do akafen, wann een och Cooperateur ass. Heescht, dass een am Ufank Parten vun der Kooperativ kaf huet. Ugefaangen bei 100 Euro. Ma fir et och deenen Mënschen ze erméiglechen, deenen et manner gutt geet, kann een och scho fir 10 Euro Member ginn. Ma jiddereen huet dobäi dee selwechte Pouvoir an hëlleft mat déi gemeinsam Ziler ze definéieren.

A fir dee gënschtege Präis ze garantéieren, ass et un de Memberen fir eng Hand mat unzepaken. Andeems een 3 Stonnen pro Mount vu senger Zäit investéiert, dierf een dann och vun de méi gënschtegen Produiten profitéieren. Domadder ginn d'Käschten vu Personal gespuert, déi an engem normale Supermarché bis zu dräi Véirel vun de Ausgaben ausmaachen.

Et huet een och d'Méiglechkeet stëllen Associé ze sinn a Suen un de Projet ze spenden, ma an deem Fall dierf een awer net do akafe goen. Den Ament ass d'Ekipp vun der Altercoop zu 80 Memberen. A si sinn grad dobäi hiert Lokal zu Dummeldeng esou ëmzebauen, dass se geschwënn an hirer Epicerie kënnen akafen.

A wien elo Loscht kritt huet do matzemaachen, den 24. Oktober ass eng Porte Ouverte. Weider Informatiounen fannt Dir och op www.altercoop.lu .