Leit sammele Saachen aus de verschiddenste Grënn. Zesumme mat enger Psychologin hu mir probéiert de Phänomeen sammelen a stockéieren aus enger anerer Perspektiv ze betruechten. 

Sammelen huet ëmmer eng Ursaach. Duerch usammele vu verschiddene Saachen, kréie munch Leit eng besser Orientatioun iwwer dat wat richteg oder falsch ass. Firwat ass dat esou? Dat hu mer bei der Psychotherapeutin Sylvie Braquet nogefrot.

16/09/2020 Cut Sylvie Braquet 1

Ech denken dass sammelen ëmmer schonn eng wichteg Saach fir de Mënsch war. Nämlech Sammelen vun Erfarungen an doduerch kann ee säi Liewe besser gestalten. Ufanks waren et Nahrungsmëttel, ma domat waren och Erfarunge verbonnen. An dorausser hu mer geléiert mam Liewen eens ze ginn.

Et kann een awer och observéieren dass et Leit ginn, déi Zeeche vun Ängschte ma sammele wëlle kompenséieren?

16/09/2020 Cut Sylvie Braquet 2

Sammele kann am schlechte Fall eng Méiglechkeet sinn iwwer Saachen ewech ze kommen. Wann een sech mat Saache beschäftegt, iergendwellech Saache sammelt. Am schlëmmste Fall kenne mer de Messi Syndrom, wou Leit onsënneg Saachen sammelen. Doduerch ass ee beschäftegt an et lenkt ee vun Ängschten of. Dat ass dann éischter déi krankhaft Zort vum Sammelen.

An dann gëtt et nach déi systematesch an déi onsystematesch Sammler ?

16/09/2020 Cut Sylvie Braquet 3

Wëssenschaftler sollten am beschte systematesch Sammler sinn. Si hunn eng Thees a sollten dat recherchéieren. En onsystematesche Wëssenschaftler, bei deem kënnt näischt eraus. Deen huet henno vill Daten, ma e ka se net an e System erasetzen. An da gëtt et nach Leit, déi Konscht sammelen an ausstellen fir dës engem Publique ze weisen. Dat ass da fir d'Allgemengheet sënnvoll. Wien elo just amerikanesch Molere sammelt an duerch ganz Welt reest fir dat ze fannen wat ëm nach feelt, sammelt. D'selwecht mat alen Autoen, wou ee permanent domat beschäftegt ass fir déi néideg Ersatzstécker ze fannen.

Wee sammelt deet sengem Kierper eppes Guddes. Oppasse muss ee just dass et net op eemol krankhaft gëtt.

© pixabay.com