Wann et eppes ze feiere gëtt, léisst ee gären de Schampesstopp knuppen; bei engem gudden Iesse gehéiert fir eng ganz Partie Leit e gudde Patt dobäi, awer och fir nom Feierowend oder als Aperitif gräife der vill nom Wäin. Wéi een deen dann am beschten drénke sollt, an och dëser Deeg gutt kal hale kann, huet d'Lea Schwartz bei engem Sommelier nogefrot.

17/09/2020 Tipps fir Wäin richteg ze killen

Drénkt dir da gäre mol heiansdo e Patt Wäin? Léiwer Rouden, Rosé oder Wäissen? Do sinn d'Goûte jo ganz ënnerschiddlech an da mécht et nach een Ënnerscheed wéi eng Drauf, Wënzer oder souguer Joergang dohannert stiechen. Mee och d'Temperatur, déi de Wäin beim drénken huet, beaflosst de Goût. De Sommelier Dino Totaro erkläert wéi kal de Wäin da sollt sinn. 

Dino Totaro: Fir déi spruddeleg Wäiss a Rosé Wäiner ass 6 Grad eng ideal Temperatur. Am beschten den Dag virdrun an de Frigo setzen, da kann net méi ganz vill schif lafen. Wann et am Summer gutt déck waarm ass, muss een awer drun denken, si am Summer an enger Killtäsch ze zerwéiere fir, dass si d'Temperatur behalen.

 

Beim Roude Wäi gëtt dacks vun Zëmmertemperatur geschwat. Och déi sollten awer liicht gekillt gedronk ginn.

 

Dino Totaro: Fir déi rout Wäiner ass eng ideal Temperatur 16 bis 18 Grad. Ganz oft ginn d'Rout Wäiner vill ze waarm zerwéiert. Den Term Zëmmertemperatur ass net ganz ubruecht, well d'Zëmmertemperatur hei am Land meeschtens iwwer 20 Grad läit. Den Terme kënnt eigentlech aus der Vergaangenheet. Wéi si nach Problemer haten d'Haiser ze hëtzen. An do war eng Temperatur vu 16 Grad eng ganz normal Temperatur. Am beschten de Roude Wäin aus dem Keller erop bréngen. Oder wann en nach ze waarm ass, eng hallef Stonn an de Frigo setzen an dann zerwéieren.

 

Och nom zerwéieren, sollt een de Wäin dann net an der praller Sonn stoe loossen. Do kann een och op puer Hëllefsmëttel zréckgräife fir e weider kal ze halen.

 

Dino TotaroJo dir kritt iwwerall déi Manchetten ze kafen, déi een an de Freezer ka leeën. Déi halen de Wäi wierklech fir eng gutt Stonn op enger niddreger Temperatur. Dir kënnt och de klasseschen Zerwéiereemer mat Äis a Waasser benotzen. Dat mécht ëmmer e ganz flotten Effekt beim Zerwéieren. Op engem Picknick beim Waasser, dobaussen an der Natur kann een d'Fläsch roueg ugestréckt an d'fléissend Waasser leeën. Natierlech net erëm vergiessen de Stopp nees dropsetzen.

 

A wann et eng Kéier ganz séier muss goen, gëtt heiansdo och dat sougenannte frappéieren genannt. Do mécht een de Wäin an en Eemer mat Waasser, Eis a Salz.

 

Dino Totaro: Dat klappt och mat vill Salz, wëll d'Salz de Gefréierpunkt vum d'Waasser erofsetzt. Dann huet een am Fong Waasser mat enger Temperatur liicht ënner null. Mee dat ganzt ass awer Blödsinn a fir mech eng Verschwendung. Nee vill besser ass et wann ee keng Zäit huet, de Wäi fir eng Véierelsstonn an de Freezer ze setzen. Dat schued dem Wäin am Fong näischt. Mee op kee Fall de Wäin am Freezer vergiessen. Well da kéint d'Fläsch emol baschten.

 

Net unzeroden ass et de Wäi mat Äiswierfelen ze killen. Déi schmëlzen nämlech mat der Zäit.

 

Dino Totaro: Wat net super fir de Goût ass. Mee et si vill Amateuren, déi dat gären hunn. A wann ech mech misst entscheeden, tëscht engem waarme Rosé an engem mat Äis. Da géif ech mech ouni Zweiwel fir déi zweet Variant entscheeden.