Nodeems viru kuerzem Sonneschutz Thema vun der Campagne "Entscheet dech richteg" vun der Fondation Cancer war, gëtt elo d'Opmierksamkeet op eng gesond Ernierung an hir Bedeitung. D'Michèle Schons huet mat der Directrice Lucienne Thommes doriwwer geschwat.

18092020 Den Impakt vum Iessen op eis Gesondheet

D'Vakanz ass eriwwer. Domat och geschwënn d'Zäit vum Barbecue an Apèro. Deemno eng gutt Geleeënheet fir erëm en Equiliber an der Ernierung zeréck ze fannen, well schlecht Ernierung gehéiert zu de Risikofacteure fir Kriibs. E Schwéierpunkt vun der Campagne si Liewensmëttel wéi Fleesch a verschaffte Produiten.
Rout Fleesch, Wurscht, Ham an Zoossiss sinn am allgemenge ganz beléift an awer sollt ee besser drop versichten, well de Risiko vun enger Daarmkriibserkrankung domat vill méi héich ass. Och rout Fleesch sollt ee just a Moosse genéissen an net méi wéi 500g d'Woch zou sech huelen.

E weidere Risikofacteur ass och den Zocker, deen dacks gutt verstoppt ass:

Zockerhaltegt Gedrénks wéi Cola a Limonade esou vill wéi méiglech evitéieren an op Alternative wéi Waasser oder Téi zeréck gräifen.

D'Hallschent vum gesamten Dagesbedarf kann ee mat vill verschiddenen Geméis- an Uebstzorten ofdecken, a bei de Kuelenhydrater sollt een am beschten op vollwäerteg Ballaststoffer zeréckgräifen an och alternativ Eewäissquellen notzen.

Den zweeten Deel vun der Campagne "Entscheet dech richteg" start de 15. September an de sozialen Netzwierker, esou wéi och op der eegener Websäit vun der Fondatioun wou d'Campagne mat Biller an engem Video markéiert ass.