Mat Musek geet alles besser, net nëmmen d'Stëmmung, ma och den Appetit gëtt manner an doduerch och d'Gewiicht. Awer opgepasst et kann och bei der Musek dernieft leien.

23/09/2020 ofhuele mat Musek

Wéi wierkt sech d'Musek op eise Kierper aus. Dass se motivéiere oder och tréischte kann ass jo scho bewisen. Therapeute setzen d'Musek dacks als Therapie an. Op der Uni vum Arkansas wollte Fuerscher elo nach e Schrëtt méi wäit goen. Kann Musek eise Speck esou beaflossen, dass mer ofhuelen. D'Resultat ass erstaunlech.
Fir erauszefanne wéi eng Wierkung verschidde Lidder op de Mënsch hunn, gouf e Grupp op d'Been gestallt. 99 Leit krute Paprika- a Schockela virun d'Nues gestallt. Dernieft hu se misse verschidde Stiler u Musek lauschteren.
Nieft Klassik gouf et och Jazz an Hip-Hop. Iwwerdeems Testpersounen hir Musek gelauschtert hunn, hunn se och dierfe Snacken.
Beim Jazz gouf festgestallt, dass dës Musek den Appetit ugereegt huet. Et gouf dacks e Stéck Schockela geholl. Eppes wat och déijéineg gemaach hunn, déi mat der Jazzmusek näischt um Hutt hunn.
Beim Hip-Hop koum eraus, dass de 50 Cent a Co den Appetit éischter verduerwen hunn. Rock a Klassik hunn éischter neutral gewierkt.
Wien elo also wëlles huet beim nächsten Date Jazz opzeleeën, deen huet besser d'Séissegkeete wäit ewech ze raumen. Oder sicht no doucer Rap-Musek als Kompromëss fir Léift an d'Figur.
Ass d'Häerz gebrach, da zitt iech Musek vum Miles Davis eran a kroomt de Schockela aus dem Schaaf.
Sot um Enn awer net, dass mer iech net virgewarnt hätten.