Haut ass den 21. September. Et ass den internationale Minigolf Dag an dat muss natierlech gefeiert ginn. Dofir hu mir haut am RTL Wecker de Loïc Juchem op d'Musel geschéckt, zu Réimech gëtt et nämlech e Minigolf mat 18 Lächer. Am Interview mam Claude Olinger vum Syndicat d'Initiative vu Réimech kucke mir op de Summer 2020 zeréck a mir ginn awer och gewuer wat d'nächst Joer nach alles geplangt ass.

21/09/2020 Mir spille Minigolf - 1

D'Equip vum Minigolf vu Réimech.