Muer ass hei op RTL Jobdag. 1 vun 3 Deeg am Joer, deen Iech behëlleflech sinn soll, wann der op der Sich sidd. De ganzen Dag kënnt Dir dann hei um Radio Patronen héieren, déi hier fräi Plazen beschreiwen a Reklamm maache fir an hire Betrib schaffen ze kommen. Parallel ginn awer och Stonn fir Stonn Patronen virgestallt, déi Léierplazen z'offréieren hunn.

23/09/2020 RTL Léierplazendag - eng Chance fir jiddereen

Um Radio beim Michelle an dem Dan gëtt et muer um 08h45 déi éischt 2 Patronen, an dann all Stonn. d'Informatiounen fannt Dir awer elo schonn, mat der Reiefolleg vun de Betriber an hirer Offer op jobdag.lu.