Dës lescht hate mer iech schonn op dëser Plaz vum Naomi geschwat, engem jonke Gesangstalent vu Lëtzebuerg dat een am Moment um TF1 bei "The Voice Kids" ka gesinn. Déi leschte Kéier konnt et eis nach net vill verroden ob et weiderkomm ass, mëttlerweil kenne mer awer d'Resultat.

19/09/2020 Naomi The Voice Kids Battles 14h50

An de Blind Auditions viru puer Wochen, also deen Ament wann een hofft dass wéinstens ee Coach sech ëmdréit, waren et beim Naomi direkt déi 4 Coachen. E ganz spezielle Moment. Dat 12 Joer jonkt Meedchen ass domadder eng Ronn weider. De Choix ass um Enn op säi Coach Kendji Girac gefall. Haut den Owend geet et dann an d'Battles. D'Resultat gesi mer dann den Owend um 5 op 9 op TF1

© BUREAU 233 / ITV / TF1