Och wann et de perfekte Summer fir all Sonnefan war, Fakt ass, dass een sech dacks an der Géigend vu senger Klimaanlag opgehalen huet oder sech op mannst eng gewënscht huet. Et war megawaarm, iwwer 38 Grad. An et war och vill ze dréchen. De Peter Hinteregger vu Kachelmannwetter mat den Detailer.

18/09/2020 Réckbléck Summer 2020

Ze dréchen an immens waarm, dat kann een zréck behale wann een déi lescht Méint kuckt. Dëse Summer reit sech an eng Partie waarm Summeren an, déi et an de leschte Jore gouf, ma et soll och deen zweetwäermste sinn, deen zanter 1838 gemooss gouf. De Peter Hinteregger vu Kachelmannwetter mat den Detailer.

Den 1. Summermount Juni war mat engem Grad ze waarm, géintiwwer dem laangjäregen Duerchschnëtt. Ma dee war nach méi liicht ze naass.

Do huet een nach net sou vill vun där Dréchent gemierkt, déi duerno koum.

De Juli war komplett dréchen, do si eng 10 Prozent vun der soss üblecher Quantitéit zu Lëtzebuerg gefall. An de Juli war och en hallwe Grad ze waarm. An do ass den August komm, dee war 3 an hallwe Grad ze waarm an och do si just 40 Prozent vun der duerchschnëttlecher Quantitéit gefall.

Wie frou mat der Sonn ass, koum also zu Lëtzebuerg op seng Käschten. Ma de Ree feelt, d'Fréijoer war ze dréchen an elo och nach de Summer an dat suergt an der Natur an an der Landwirtschaft dach fir vill Schued. Ma och de September gesäit net no Hierscht aus, Reen gouf es bis elo nach net vill.

Et ginn Regiounen zu Lëtzebuerg, déi nach keng Drëps Ree gesinn hunn an och soss leie mir bei engem Maximum vu 25 Liter op de Meter carré bei e puer Reeschaueren an de leschten Deeg. Et bleift also vill ze dréchen.

Kuerz viraus gekuckt, dat schéint Wieder bleift eis dëser Deeg nach erhalen.

Dat nächst Héich ass ukomm a bestëmmt och iwwert de Weekend d'Wieder zu Lëtzebuerg. Vun e Mëttwoch un nächst Woch kéint ee mat engem Changement rechnen. Mä dat ass nach net ganz kloer. Kloer ass, dass mir weider Spéitsummer hu mat iwwer 25 Grad.

E Wuert nach zum Wanter 2020, kann een iwwerhaapt do eppes schlussfolgeren?

Nee dat kann een net, well d'Wieder huet keng Memoire am Genre : No engem waarme Summer misst elo e kille Wanter oder genee ëmgedréint kommen. Do kann ee keng Previsioun maachen.