D’Schoul ass erëm un! An domat och erëm d’Zäit vun den desagreabelen Iwwerraschungen, vun deenen Är Kanner betraff kënne sinn: Rieds geet vun de Lais! Dat si kleng, 2 bis 3 mm grouss Parasitte beim Mënsch. Si liewen an den Hoer an ernäre sech vum Blutt an der Kapphaut, wat e staarke Bass verursaacht.

19/09/2020 Gutt a Form - Lais!

All Mënsch ka Lais kréien. Mä et fënnt ee se am heefegsten op de Käpp vun de Kanner. Fir se lasszeginn, muss een d’Kand a säin Ëmfeld behandelen.

Wéi entdeckt ee Lais? Wann e Kand sech oft um Kapp kraazt, da kann dat en éischt Zeechen dofir sinn, dass et Lais an den Hoer huet. Et ass net einfach, d’Lais an hir Eeër (d’Nissen) an den Hoer ze fannen. Ënnersicht de Kapp grëndlech a kämmt d’Hoer Strähn fir Strähn duerch.

D’Lais hunn eng groelzeg Faarf a sinn tëscht 2 an 3 mm grouss. D’Nisse si méi einfach ze gesinn: Si si wäiss a pechen un den Hoer. Am Géigesaz zum Schubber si si schwéier aus den Hoer erauszekréien.

Wann Dir Lais oder Nisse fonnt hutt: Behandelt déi infizéiert Persoun an hiert Ëmfeld. An der Apdikt kritt Dir e Produit an e Kamp géint d’Lais. Befollegt d’Uweisunge vum Produit géint d’Lais a loosst en ONBEDÉNGT esou laang wéi uginn ass awierken.
Produite géint Lais sinn net ganz wierksam géint d’Nissen. Dofir muss den Traitement onbedéngt no ronn enger Woch nach eng Kéier widderholl ginn, fir déi nei Lais, déi aus den Eeër (Nissen) geschlüpft sinn, ze eliminéieren.

24 Stonnen no der Uwendung vum Produit géint d’Lais recommandéieren ech Iech, d’Wierkung vum Traitement ze kontrolléieren. Wann Dir nach ëmmer lieweg Lais fannt:

- hutt Dir vläicht d’Uweisunge fir d’Uwendung net richteg befollegt: da widderhuelt an deem Fall den Traitement;
- sinn d’Lais vläicht resistent géint de Produit, da consultéiert an deem Fall Ären Dokter oder Ären Apdikter.

Lais sprangen net. Si ginn duerch direkte Kontakt oder duerch den Austausch vu Saachen aus Stoff (Mutz, Schal, Kap, Läinduch, Kappzich, asw.)) oder perséinleche Géigestänn (Kamp, Biischt, Spéngel, asw.) iwwerdroen. Wäscht d’Mutzen, Schaler, Stoffdéieren, Kappzichen a Läindicher op 60°C.

Wa wäschen net méiglech ass, da paakt d’Saachen an eng Plastikstut oder leet se e puer Deeg an den Tifküler.

An zum Schluss, wann Äert Kand Lais huet, dann denkt och drun, der Léierin oder dem Schoulmeeschter an dem Responsabele vun der Struktur, wou Äert Kand versuergt gëtt (Maison Relais, Crèche…). Bescheed ze soen. Si warnen an deem Fall déi aner Elteren, dass et Lais an der Schoul oder an der Betreiungsstruktur ginn.