Féiwer, Schüttelfrost an den Halswéi. Dat kéinte Symptomer vu Covid sinn. Et kann awer och eng Gripp sinn. Aus virologescher Siicht ass Grippe-Saison déi déidlechst vum Joer. Wien soll sech impfe loossen? Wéi steet et ëm den Impfstoff selwer? Mir hu bei engem Dokter nogefrot.

An zwar beim Dokter Nico Haas. Här Haas, wie soll sech alles impfe loossen, speziell elo a Coronazäiten?

22/09/2020 Dr Haas Cut 1

Also et ass éischtens mol ëmmer wichteg fir sech impfen ze loossen, an deem Fall wann een eng "Personne Vulnérable" ass. Wann een eng Krankheet huet, wéi en chronesch Bronchitte, Häerzproblemer, Zockerkrank  e gewëssenen Alter, da geet de Risiko ëmmer an d'Luucht, dat een domadder schlëmm krank ka ginn. Déi zweet Ursaach ass nach méi schlëmm, well een déi Symptomer vun der Gripp guer net kann ënnerscheeden praktesch vun engem Covid Symptom. Do huet ee Féiwer do kann een Houscht hunn, do kann een Halswéi hunn, do kann ee Schnapp hunn et kann ee Bauchwéi hunn, do ass ee Schlapp do villt ee sech net gutt an et weess een ni direkt wat et ass. Dat gëtt dann zu engem grave Phänomen fir Medezin dat se iwwerlaf sinn. Sou gutt d'Urgence wéi Praxissen well jidderee Angscht huet en hätt do eppes schlëmmes. Wa mer dann maximal mol alleguert déi Leit déi Vulnerabel sinn an déi e Risque hunn an Spidol ze kommen Impfen, dass sinn déi scho mol aus dem Circuit eraus an iwwerfuerderen eise Gesondheetssystem net.

Wien muss oder soll sech impfe loossen, nëmmen eeler Leit a Kanner?

22/09/2020 Dr Haas Cut 2

Also impfe loossen soll sech jiddereen dee méi wéi 65 Joer huet.  Oder dee virdrun eng aner Krankheet huet oder méi al ass an eng Krankheet huet wéi chronesch Bronchitte, wéi Zockerkrank, wéi Häerzproblemer oder iergendwellech aner Krankheeten, déi behandelt ginn mat spezielle Medikamenter déi Ofwierkräften erofsetzen.

Elo héiert ee schonn doruechter dass de Vaccin knapp wier. Kënnt dir dat confirméieren?

22/09/2020 Dr Haas Cut 3

Also wa mer elo allen 700.000 hei am Land wëlle geimpft ginn, dann hu mer net genuch Impfstoff.  Dat ass sécherlech. An der Moyenne gi jo all Joer esouvill Leit geimpft, an d'Santé huet jo nach eng kéier 30.000 -wann ech dat richteg an de Noriichten héieren hunn- Impfstoffer nobestallt, sou dat der awer maximal do sinn.

Wéi ass Prozedur wann ee sech fir esou eng Impfung aschreiwe wëll?

22/09/2020 Dr Haas Cut 4

Ech géif soen, et soll een eng Ordonnance siche goen bei den Dokter an déi bei der Apdikt ofginn an do dann reservéieren. Impfzäit ass vum 15. Oktober bis Ufank Dezember gëtt geimpft, an dat dauert 10 - 14 Deeg bis déi Impfung aktiiv ass. A wann ee se ze spéit oder ze fréi mécht, dann hält se och net laang genuch.

Merci dem Dr Nico Haas. Wien sech also wëll impfe loossen, dee soll iwwert eng Ordonnance vum Dokter seng Dosis an der Apdikt reservéieren.