Den 29.September ass dëst Joer eng éischte Kéier en internationalen “AntiGaspiDag”! Um „International Day of Awareness of Food Loss and Waste” (IDAFLW) , deen op Initiative vun de Vereenten Natiounen entstanen ass, soll, vun elo un all Joer weltwäit de Fokus op de Problem vum Liewensmëttelverloscht a vun der Liewensmëttelverschwendung gesat ginn.
2016 huet hei am Land de Landwirtschaftsministère d’AntiGaspi-Campagne an d’Liewe geruff fir an éischter Linn d’Konsumenten ze sensibiliséieren. Et läit deemno op der Hand, dass de Ministère fir Landwirtschaft sech dem internationalen AntiGaspiDag (IDAFLW) uschléisst an den 29. September an de Mëttelpunkt vun der Sensibilisatioun géint d’Liewensmëttelverschwendung a Verloschter setzt.
Fir den éischten internationalen AntiGaspiDag presentéiere mir Iech op RTL de ganzen Dag iwwer eng Partie flott Initiativen, déi sech zu Lëtzebuerg aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung asetzen. D'Nicky Soisson ass haut de ganzen Dag fir eis um Dill an hëlt eis elo mat op déi franséisch Grenz op Esch.

29/09/2020 AntiGaspi-Dag: BENU Village Esch/-Uelzecht

D’Iddi vum BENU VILLAGE – dat éischt Ecoduerf zu Lëtzebuerg, méi präzis op der Escher Grenz – ass 2015 entstanen a soll duerch eng konsequent Kreeslafwirtschaft op sozio-ekologeschem Niveau funktionéieren. Professioneller kënnen eng Plaz am Duerf lounen an hir Aktivitéiten am Respekt vun der BENU Charta, déi op Transparenz, sozial Responsabilitéit, lokal Produktioun an ekologesch Exzellenz baséiert, realiséieren. Am Moment ass de BENU Village nach am Opbau.

Geplangt ass awer, datt sech do eng Kleeder-Upcycling-Design-Firma, eng Verkafsplattform fir soziale Konscht-Upcycling an een AntiGaspi Restaurant wäerten installéieren.

Am éischten AntiGaspi Restaurant zu Lëtzebuerg  läit de Fokus op lokalem Bio-Iessen an natierlech och op Antigaspi. Hei soll just mat  “rescued-food” gekacht ginn, also mat Liewensmëttel, déi et net bis an de Supermarché gepackt hunn, well se wuel de Normen entspriechen, mee vum Client meeschtens aus ästhetesche Grënn net kaf ginn. De Restaurant wäert op inklusiver Basis funktionéieren. Den AntiGaspi-Restaurant, den nach am Opbau ass, gëtt natierlech just aus recycléierte Materialien opgeriicht a wäert géint Enn dës Joers seng Dieren opmaachen.

Méi Infoe fann dir op

Wann dir och gutt Iddien hutt an inspiréiert sidd fir een eegene Projet op d’Been ze stellen, da maacht beim Appel à Projets mat… déi flottsten Iddien ginn iwwregens vum Ministère fir Landwirtschaft finanziell ënnerstëtzt. Sämtlech Informatioune fannt Dir op