Den 29.September ass dëst Joer eng éischte Kéier en internationalen “AntiGaspiDag”! Um „International Day of Awareness of Food Loss and Waste” (IDAFLW) , deen op Initiative vun de Vereenten Natiounen entstanen ass, soll, vun elo un all Joer weltwäit de Fokus op de Problem vum Liewensmëttelverloscht a vun der Liewensmëttelverschwendung gesat ginn.
2016 huet hei am Land de Landwirtschaftsministère d’AntiGaspi-Campagne an d’Liewe geruff fir an éischter Linn d’Konsumenten ze sensibiliséieren. Et läit deemno op der Hand, dass de Ministère fir Landwirtschaft sech dem internationalen AntiGaspiDag (IDAFLW) uschléisst an den 29. September an de Mëttelpunkt vun der Sensibilisatioun géint d’Liewensmëttelverschwendung a Verloschter setzt.
Fir den éischten internationalen AntiGaspiDag presentéiere mir Iech op RTL de ganzen Dag iwwer eng Partie flott Initiativen, déi sech zu Lëtzebuerg aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung asetzen. D'Nicky Soisson ass haut de ganzen Dag fir eis um Dill a mellt sech elo direkt vu Sprénkeng eran.

29092020 Dudelmagie

Aus engem klasseschen Mëllechvéibetrib gouf 2007 e Biohéngermaaschtbetrib. 2013 dunn ass Dudel-Magie entstanen. Ënnert dësem Numm gi Pouleten an och Bio-Nuddelen verkaf. D’Iddi fir Nuddelen ze produzéieren ass duerch de Surplus un Eeër, déi net am Handel ofgesat konnten ginn well se den Handelsnormen net entspriechen a soss hätten ewechgehäit misse ginn, entstanen. Dudel-Magie gouf 2014 mam Bio-Agrar-Präis an der Kategorie Weiderveraarbechtung vu biologeschen Produiten ausgezeechent. Duerch d’Veraarbechtung zu Nuddelen vu fir de Commerce ongëeegenten Eeër gëtt net nëmmen d’Liewensmëttelverschwendung reduzéiert, mee dëst Virgoen huet duerch deen kuerzen Transportwee och e positiven Impakt op den ekologeschen Foussofdrock vun den Nuddelen.

Méi Infoen fannt dir op

Wann dir och gutt Iddien hutt an inspiréiert sidd fir een eegene Projet op d’Been ze stellen, da maacht beim Appel à Projets mat… déi flottsten Iddien ginn iwwregens vum Ministère fir Landwirtschaft finanziell ënnerstëtzt. Sämtlech Informatioune fannt Dir op