Den 29.September ass dëst Joer eng éischte Kéier en internationalen “AntiGaspiDag”! Um „International Day of Awareness of Food Loss and Waste” (IDAFLW) , deen op Initiative vun de Vereenten Natiounen entstanen ass, soll, vun elo un all Joer weltwäit de Fokus op de Problem vum Liewensmëttelverloscht a vun der Liewensmëttelverschwendung gesat ginn.
2016 huet hei am Land de Landwirtschaftsministère d’AntiGaspi-Campagne an d’Liewe geruff fir an éischter Linn d’Konsumenten ze sensibiliséieren. Et läit deemno op der Hand, dass de Ministère fir Landwirtschaft sech dem internationalen AntiGaspiDag (IDAFLW) uschléisst an den 29. September an de Mëttelpunkt vun der Sensibilisatioun géint d’Liewensmëttelverschwendung a Verloschter setzt.
Fir den éischten internationalen AntiGaspiDag presentéiere mir Iech op RTL de ganzen Dag iwwer eng Partie flott Initiativen, déi sech zu Lëtzebuerg aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung asetzen, esou och d'Iddi vum Projet dee mir Iech elo direkt virstellen. Nicky Soisson, wou bass de drun?

29092020 Onperfekt

Ze kromm, ze kleng, ze grouss - ze onperfekt : D’Iddi hannert onperfekt ass et den éischte Buttek fir “onperfekt” Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze grënnen an esou zesumme géint Liewensmëttelverschwendung virzegoen. An dësem Buttek sollen Iesswueren, déi auszortéiert musse gi well se net den Normen entspriechen oder well de Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerschratt ass, eng zweet Chance kréien.

Niewent dësem Aspekt sollen duerch de Buttek awer och lokal a regional Produzenten ënnerstëtzt ginn, entweder duerch eng zweet Recolte bei de regionale Geméisbaueren um Feld oder duerch d’Sichegoe vun net verkaafte Produite bei klenge Produzenten, Epicerien a Supermarchéen. D’Liewensmëttel ginn zu engem „Gëff wat et dir wäert ass“-Präis verkaf.  Onperfekt gëtt als Cooperative gegrënnt, bei där aktiv Memberen am Buttek an och um Feld hëllefen.

Am Moment gi Leit gesicht, déi sech aktiv um Projet bedeelege wëllen. De Buttek selwer soll an enger éischter Phase a Form vun engem Pop-up Store funktionéieren a spéider soll e Geschäft am Norden oder Zentrum vum Land opgemaach ginn.

Méi Infoe fannt dir op

Wann dir och gutt Iddien hutt an inspiréiert sidd fir een eegene Projet op d’Been ze stellen, da maacht beim Appel à Projets mat… déi flottsten Iddien ginn iwwregens vum Ministère fir Landwirtschaft finanziell ënnerstëtzt. Sämtlech Informatioune fannt Dir op