Den 29.September ass dëst Joer eng éischte Kéier en internationalen “AntiGaspiDag”! Um „International Day of Awareness of Food Loss and Waste” (IDAFLW) , deen op Initiative vun de Vereenten Natiounen entstanen ass, soll, vun elo un all Joer weltwäit de Fokus op de Problem vum Liewensmëttelverloscht a vun der Liewensmëttelverschwendung gesat ginn.
2016 huet hei am Land de Landwirtschaftsministère d’AntiGaspi-Campagne an d’Liewe geruff fir an éischter Linn d’Konsumenten ze sensibiliséieren. Et läit deemno op der Hand, dass de Ministère fir Landwirtschaft sech dem internationalen AntiGaspiDag (IDAFLW) uschléisst an den 29. September an de Mëttelpunkt vun der Sensibilisatioun géint d’Liewensmëttelverschwendung a Verloschter setzt.
Fir den éischten internationalen AntiGaspiDag presentéiere mir Iech op RTL de ganzen Dag iwwer eng Partie flott Initiativen, déi sech zu Lëtzebuerg aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung asetzen. An deem Kader ass d'Nicky Soisson haut well de ganzen Dag fir eis um Tour a presentéiert eis e puer flott Initiativen zum Thema:

29092020 Foodsharing Luxembourg

Foodsharing Luxembourg (asbl) ass 2019 gegrënnt gi mam Zil d’Liewensmëtteloffäll zu Lëtzebuerg ze reduzéieren. Dëst soll duerch verschidde Projeten geschéien:

1) Kooperatioune mat Liewensmëttelgeschäfter, Restauranten, Caféen… fir hier Reschter ze verdeelen,

2) Opstelle vun oppene Frigoen fir privat Leit déi esou hir Reschter mat aneren kennen deelen,

3) Organisatioun vun Evenementer an Aktiounen zur Sensibiliséierung. All Mount gëtt et een Informatiounstreffen bei deem sech interesséiert Leit iwwer d’Aktiounen vu Foodsharing Luxembourg informéiere kënnen.

Méi Infoen fannt dir op

Wann dir och gutt Iddien hutt an inspiréiert sidd fir een eegene Projet op d’Been ze stellen, da maacht beim Appel à Projets mat… déi flottsten Iddien ginn iwwregens vum Ministère fir Landwirtschaft finanziell ënnerstëtzt. Sämtlech Informatioune fannt Dir op