Hu dir haut scho gesouert? Aus enger Méck en Elefant gemaach oder iech soss wéinst enger Klengegkeet d'Laun verdierwe gelooss? Wa jo, dir sidd net eleng. De Mënsch fokusséiert sech gären op dat Negatiivt. All positive Saz hält meeschtens mat engem "Jo, mee" op a wa mir vun der Vakanz erzielen, geet et meeschtens ëm déi Saachen, déi net geklappt hunn. Ma u wat läit dat, datt mir eis sou vill méi Gedanken iwwert déi net sou schéi Saachen am Liewe maachen? A wéi kann een dat eventuell änneren? Dat huet d'Lea Schwartz fir eis nogefrot

17/09/2020 Alles méi positiv gesinn

De Schaffdag ass eriwwer? Ma flott, mee amplaz sech iwwert de Feierowend ze freeën, denkt een dorunner, dass ee muer schonn nees fréi opstoe muss. Elo nach heem fueren, vläicht ass Stau, vläicht kënnt den Zuch net. Iwwert den Dag verdeelt solle mir bis zu 60.000 eenzel Gedanken hunn. Just 3 Prozent dovunner si positiv.  Dass mir eis dacks éischter op dat Negatiivt konzentréieren, kéint nach aus der Steenzäit kommen. Do war et iwwerliewenswichteg fir de Mënsch an all Situatioun de richtegen Instinkt ze hunn, an all potentiell Geforen ze erkennen. D'Nathalie Schmit ass Mastercoach an Trainerin am Beräich vun der Neuro - Linguistescher Programmatioun. Dat ass awer net deen eenzege Grond firwat et eis heiansdo méi licht fält schwaarz ze molen, wéi déi schéi Saachen am Liewe wäert ze schätzen.
 
Nathalie Schmit: Also ech mengen, dass et ee Conditionnement ass, dat ass natierlech vun de Virfaren. Mee et ass och e Conditionnement wéi mir erzu ginn. Bezéiungsweis wat mir all Dag mat kréien. Wat een all Dag dobaussen matkritt, wann een d'Nouvelle lauschtert, et héiert ee seele gutt News. Dat si meeschtens Katastrophen oder Accidenter. Wa mir an der Schoul sinn, da gëtt meeschtens den Accent geluecht, op dat wat mir net kënnen. Op de Feeler. Dat heescht mir hu Joerzéngtelaange Conditionnement op dat Negatiivt. An da gëtt eis op eemol am Erwuessenenalter gesot. Sou denk elo positiv. Dat kann net funktionéieren.

Mee et kann een awer léieren, seng Gedanken ze beaflossen an an eng aner Richtung ze lenken. Dat wier eng Saach vun Training.

Nathalie Schmit: Do wëll ech direkt een Ënnerscheed maachen, tëscht deene Leit, déi soen: Denk elo mol positiv, well do sinn ech kee Fan dovun. Fir mech ass et wichteg, dass een sech d'Saachen ukuckt a wierklech no un der Realitéit ukuckt. Et ginn heiansdo Phasen, wou een net gutt drop ass, wou engem Saache geschéien, déi net schéi sinn. Fir sech dat och schéin ze schwätzen, fannen ech dann och ganz Realitéitsfriem. Wat ech wichteg fannen ass ze soen: Ok dat doe geschitt mir, et ass elo wéi et ass. Wat maachen ech elo domadder? An dat gëtt och a ganz villen Theorie gesot. Et ass net, dass engem eppes Schlëmmes geschitt. Oder, dass ee vläicht nervös ass. Mee et ass déi Saach: Wéi ginn ech domadder ëm.

Si mir éierlech wéi dacks huet ee sech Suergen a Stress ëm eng Saach gemaach, déi duerno guer net esou schlëmm war?  Fir erauszefanne wéi eng Suerge wierklech berechtegt sinn, kann et hëllefen e Bléck an d'Zukunft ze geheien. Denkt un iech an engem Joer. Ass de Problem oder d'Suerg dann nach relevant?

Nathalie Schmit: An eleng scho mat deem klengen Exercice fir ze soen, ass dee Gedanke Realitéit? Do kann ech scho soen, jo oder nee. An deet e mir gutt, jo oder nee. An sou kann een et maachen, wéi mir dat ganz vill mam Smartphone maachen. Da kann ee soen, sou ech wëschen dee Gedanken elo weider. Ech huele mir elo deen nächsten. Dat heescht et kann ee sech am Dag wierklech dräi Minutten huelen fir ze kucken: Wéi eng Gedanke kommen op mech duer? A kann ech si ewech wëschen? Kann ech de nächste Gedanken huelen? Dat ass nach eng Kéier een Deel vum Training. An dräi Minutten huet jiddereen.

Da fält engem vläicht op, dass vill Saache guer net méi esou schlëmm ausgesinn. En aneren Exercice ass et sech deem bewosst ze ginn, wat eigentlech alles gutt ass.

Nathalie Schmit: An do fannen ech et ganz wichteg, dass sech d'Leit soen: Wat hunn ech elo, also de Prinzip vun der Dankbarkeet. Dat ass vläicht e ganz ale Prinzip, dat ass vläicht och net modern. En ass awer an deem Sënn extrem wichteg fir eisen Alldag. Wa mir soen, wat hu mir? Wat hu mir alles erlieft? Wat sinn all déi Saachen, déi mir am Moment an eisem Liewen hunn? Amplaz dass een ëmmer nees dohinner geet: Ech wéilt awer gären, ech vergläiche mech oder ech hätt. Also dat vergläichen an dat, ni genuch hunn, kuck emol wat de schonn s hues. An dat ass meeschtens schonn extrem vill.

Nëtzlech Adressen zu Lëtzebuerg sinn:

SOS Détresse:
Tél: 45 45 45
Site Internet: www.454545.lu
Mail: info@sosdetresse.lu

Service Information et Prévention de la Ligue
Tél: (+352) 45 55 33