Laang waren d'Bünen eidel, de Lockdown hat all Theateren zougemaach. Fir d'Rentrée mat de ville Sécherheetsmesuren ze markéieren ass d'Initiativ "Connections" tëscht Kinneksbond Mamer an de Stater Theateren entstanen. Dozou gehéieren dräi Voleten: déi grouss Haiser stellen deene klengen hir Säll zur Verfügung, et gëtt baussen an de Stroossen "hors les murs" geschafft an et gi Commanden un Auteuren, Regisseuren a Schauspiller gemaach. An deem Kader ginn elo 8 kuerz Stécker opgefouert. Eent dervun ass "Erop", dat e Freideg an e Samschdeg zu Mamer am Kinneksbond gespillt gëtt. D'Christiane Kremer war an eng Prouf.

23/09/2020 "Erop" Theater 11h15