Muer gëtt de Premier zu Gasperech erwaart, an där eenzeger Maskenfabrick zu Lëtzebuerg, déi déi professionell chirurgesch Masken produzéiert. Santé Services SA këmmeren sech zanter Ufank vun der Pandemie drëm fir all dat Material ze beschafen wat am néidegsten gebraucht gouf an do waren d'Masken op éischter Plaz, an dat direkt a groussen Quantitéiten fir déi ganz Populatioun ofzedecken. Den RTL Reporter mellt sech vun do wou se fabrizéiert ginn.

28/09/2020 Masken "Made in Luxembourg 2"

Elo gi mer an Zukunft mat eisen Lëtzebuerger Masken virun d'Dier awer och iwwerall do hin wou een eng Mask brauch wéi zB am Bus, op der Aarbecht oder an ëffentleche Gebaier a Geschäfter. Hierscht a Wanter kënne kommen