Am RTL Wecker haate mir de Moien de Loïc Juchem op Beetebuerg gescheckt. Hien huet hannert d'Kulisse vum Beetebuerger Park gekuckt.

De Beetebuerger Parc huet de 17. Mee 1956 offiziell opgemaach. 1999 gouf de Park vun der APEMH iwwerholl an zanterhier gouf de Märchebësch op alle Pläng ausgebaut. Am Wanter 2019 gouf richteg vill renovéiert, ënnert anerem sinn déi bekannten Erdmännecher geplënnert an et fënnt een se elo direkt am Entréesberäich. Wéinst der aktueller Situatioun huet et natierlech dëst Joer méi laang gedauert bis datt d'Touristen sech d'Neiegkeete konnten ukucke kommen.

30-09-2020 Best of BP 1

Souwäit den Direkter Marc Neu. Och elo gëtt de Kapp net an de Sand gestach, mee et gëtt weider investéiert. Zum Beispill gëtt déi fréier Entrée elo an e Gitte ëmgewandelt. Do kann een da schéin Nuechten am Tuerm verbréngen.

 

De Loïc wollt de Moien awer och wësse wat dann dem Veterinär seng Aufgab am Parc ass. Et kann een zirka 200 verschidden Déierenaarte vu 5 Kontinenter gesinn. Ma no all deenen Deiere muss natierlech och gekuckt ginn. 

 

30-09-2020 Best of BP 2

Dann hate mer Iech och nach mat an d'Zooschoul geholl. Och do gëtt elo fläisseg dru geschafft nees Klassen ze accueilléieren a Coursen ze halen. Et probéiert een elo och op de Online-Visitten ze setzen. D'Marilyn Ewert.

30-09-2020 Best of BP3

 Eis Rees an de Beetebuerger Parc fannt der och nach emol online op radio.rtl.lu