An engem Face a Face haut goung et ëm Fayé. De griichesche Jughurtsproduzent verzicht jo op eng nei Fabrik hei am Land: D’Emweltministesch Carole Dieschbuerg sot de Moien hei op RTL si wier iwwert den Zaitpunkt vun der Decisioun vu Fayé iwwerascht, well een an der Prozedur op der leschter Ligne droite war. Si ass awer och “e bëssen erliichtert”, well mat där Fabrik hätt een e “Problem” gehat fir d’Zukunft.

Den René Winkin, Direkter vun der Industrie-Vertriedung, der Fedil, dsot de Moien am Face à face d’Decisioun vu Fayé géing ee batteren Nogeschmaach hannerloossen. De Résumé vun der Emissioun gët et elo mam François Aulner

23/09/2020 BAND Face a Face Fage 12h20