Den Alter, op mer wëllen oder net mécht sech sou lues bemierkbar. An elo ? Wéi geet et weider? Zäit huet e jo en Masse, endlech maache wat e well. Mee wat ass dat nach méi?

24092020 Gutt a Form - Am Alter aktiv bleiwen

Eng Partie vun eise jorelaange Gewunnechte sinn der Pensioun geaffert ginn. Et ass awer dann net de Moment d’Läpper hänken ze loossen, well eent ass sécher: Aktiv bleiwen, hält den Alter op!
De neie Liewensofschnëtt liewen, an esou gutt an den Alter kommen, dat sollt am Fokus stoen.  Dem Dag en neien Inhalt ginn! Sech realiséieren a verschiddenste Beräicher? Nei Hobby’en, sengen Interêten ugepasst? Seng gro Zellen trainéieren, mee wéi?

A mat all de kléngen Alldagsbobo’en, wat léist sech nach meeschteren? An, wéi geet en dat ganzt eigentlech un? E ganze Koup Froe kennen engem do duerch de Kapp goen.

Gitt et ganz no ärem Rhythmus un. Sport war ni sou äert? Beweegung am Alldag ass scho wäertvoll, kuerz Strécken zu fouss an Trapen huelen, amplaz de Lift. Am Gaart schaffen a sech an der Natur ophale fëllt Sauerstoffreserven op, an ass gutt fir d‘Wuelbefannen.

Eng reegelméisseg an ausgeglachen Ernierung an hei an do eng Schneekegkeet fir de Genoss gehéieren zum gudde Liewen derzou.

Sécher maachen all des Saachen nach méi Spaass an der Gesellschaft, mee et soll agreabel sinn an net zur Laascht oder Flicht ginn, well dees hat ee genuch am Liewen.

D’Club Senior sinn hei eng flott Alternativ. Dir fannt si duerch d’ganzt Land verdeelt a kennt hei a ville Beräicher flott Momenter, mat Leit déi di selwecht Interêten hunn wéi dir, verbréngen.

Déi 6 Club Senior vun Help, mat hiren flotte Programmer vu Sport bis Kultur vun Amusement bis Weiderbildung waarde just op Iech, kuckt Iech roueg hier Programmer un. Informatioune ginn et op help.lu