Wann dir op Ärem Radio am Auto oder doheem ee Knäppchen mat DAB+ drop hutt, an dir hutt dee schonn ausprobéiert, dann hutt dir do net vill drop héieren. E puer auslännesch Radiosstatiounen, an dat war et. Zanter gëschter ass dat anescht, well gëschter huet zu Lëtzebuerg een Test ugefaangen, mat deem déi éischt Schrëtt a Richtung digitale Radio gemaach ginn.

25/09/2020 Digitale Radio

Wat bedeit DAB+ eigentlech?

DAB ass d'Ofkierzung fir Digital Audio Broadcasting, eng Norm, fir Radio digital ze iwwerdroen, an enger Qualitéit déi deem entsprécht wat ee vun der CD kennt. Déi  Norm gëtt et schonn zanter 30 Joer, konnt sech awer net duerchsetzen, well déi Technologie einfach ze deier war. Virun 13 Joer ass eng nei Versioun vun där Technologie lancéiert ginn, déi DAB+ heescht, an déi lues a lues, virun allem an Europa hire Wee mécht.

Wat sinn d'Virdeeler vum DAB+?

Wann ee bis gëschter RTL gelauschtert huet, dann ass dat virun allem am FM, dem UKW Frequenzband (Radio iwwert Internet loossen ech elo mol bewosst ewech). Déi Technik ass analog a mëttlerweil knapp 90 Joer al, a well et ëmmer méi Radio gi sinn, ass d'Plaz op de Frequenzen déi fir den UKW virgesi sinn ëmmer méi knapp ginn, mam Resultat, datt Radioen sech géigesäiteg stéieren, wann hir Sendezonen ze no beienee sinn. Wann ee sech méi wäit vum Sender ewech beweegt gëtt den Empfang méi schlecht, et héiert een ëmmer méi Dauschen bis ee just nach dat héiert.

Beim DAB+ ass dat anescht. Et ass digital, dat heescht 1 oder 0, entweder et héiert een eppes, an dann och an där selwechter Qualitéit, ob elo beim Sender ass, oder méi wäit ewech, oder et héiert ee guer näischt méi, wann den Empfang einfach ze schlecht ginn ass.

Ee weidere Virdeel ass, datt manner Antennen a manner Leeschtung néideg sinn, fir ee Programm iwwert DAB+ ze diffuséieren. An et brauch een net méi d'Frequenz ze sichen, 88.9 oder 92.5 fir RTL, et sicht een dee Radio mam Numm, oder villäicht no engem Genre deen een héiere wëll, well DAB+ erlaabt et, och déi Informatioun mat ze schécken. An et kann ee weider Informatioune matschécken, Coveren vu Lidder déi grad lafen, d'Nimm vum Kënschtler an den Titel vum Lidd, an esou weider.

Ka jiddwereen DAB+ lauschteren?

Am Prinzip jo, well DAB+ ass zwar eng digital Technik, funktionéiert awer nom selwechte Prinzip ewéi den UKW: Ee Radio sent vun enger Antenn aus säi Programm, dat op engem Radio empfaange gëtt, ouni Abonnement, an ouni Ënnerbriechung wann den Internet eng Kéier ausfält. Allerdéngs brauch een e Radio, deen DAB+ kompatibel ass. Där ginn et der Mëttlerweil awer scho vill am Commerce, an alle Präisskategorien, vill Autoradioen hu schonn DAB+ agebaut, ouni datt een dat villäicht gemierkt huet, a vun Enn des Joers trëtt een europäescht Reglement a Kraaft, datt an Europa just nach nei Autoen dierfe verkaf ginn, an deenen et méiglech ass, DAB+ ze empfänken.

Dat heescht, déi digital Zukunft vum Radio huet gëschter ugefaangen?

Ugefaange jo, mä bis se definitiv leeft! Zanter gëschter leeft een Test, deen de Service des médias et des communications vum Ministère de l'Etat zesumme mat der BCE duerchféiert, fir Theorie a Praxis vum DAB+ zu Lëtzebuerg ze vergläichen. Well och wann den Empfang theoretesch iwwerall am Land méiglech ass, ginn et awer e puer Plazen, op deenen dat villäicht duerch geographesch Detailer net wouer ass. Oder a wéi enger Qualitéit sollen d'Radioen iwwerdroe ginn? Beim DAB+ deelen sech, anescht ewéi beim FM, e puer Radioen déi selwecht Frequenz, si senden an engem Multiplex. A well jo nieft deem wat een héiert nach méi Informatioune kënne mat iwwerdroe ginn, muss een erausfannen, wéi eng Bandbreet déi Bescht ass, datt de Klang nach ëmmer gutt ass. Den Toun gëtt beim DAB+ nämlech kompriméiert, esou wéi mir dat scho vun MP3ë kennen, allerdéngs an engem anere Format. An do gëllt et ee Kompromëss ze fannen tëscht där Beschtméiglecher Qualitéit, an der Méiglechkeet, all d'Programmer op ee Multiplex ze bréngen, well d'Programmer sech och d'Käschten deelen.

Wien also schonn ee Radio huet, deen DAB+ empfänkt, dee ka gär elo scho mat testen. Et ass awer den Ament just dat: Een Test!

Dat heescht: Et kënnt zu Ausfäll, d'Qualitéit ass sécher net ëmmer déi selwecht, well och do verschidden Astellungen ausprobéiert ginn, an esou weider. Är Erfarunge mam Empfang vun RTL um DAB+ kënnt Dir awer iwwert d'E-Mail Adress dab@rtl.lu matdeelen.

Um Enn soll dësen Test awer dozou féieren, datt d'nächst Joer am Fréijoer (esou ass et den Ament mol ugeduecht) DAB+ definitiv zu Lëtzebuerg kéint lancéiert ginn.