Wanterpneue vun O bis O, vun Oktober bis Ouschteren. Wéi genee soll een dës Regel applizéieren a soll een elo schonn esou lues un d'Wanterpneuen denken wann d'Temperaturen erofginn? De Frank Maas aus dem Diagnostic Center ass der Meenung dass een net ze laang soll waarden, och wann d'Wieder am Hierscht nach gutt ass.

24/09/2020 Wanterpneuen

Wanterpneue vun O bis O, vun Oktober bis Ouschteren. Wéi genee soll een dës Regel applizéieren a soll een elo schonn esoulues un d'Wanterpneuen denken wann d'Temperaturen erofginn? De Frank Maas aus dem Diagnostic Center ass der Meenung dass een net ze laang soll waarden, och wann d'Wieder am Hierscht nach gutt ass:

Well de Risiko da grouss ass, dass ee ka vum schlechte Wieder iwwerrascht ginn an dann nach d'Summerpneuen drop huet. Den Haaptënnerscheed ass éischtens mol de Profil: deen ass beim Wanterpneu fir naass Stroossen a fir Schnéi an Äis ausgeluecht. Den zweeten Ënnerscheed ass d'Mëschung vum Gummi. Déi ass beim Wanterpneu méi mëll fir dass de Pneu och bei kalen Temperaturen an Asphalt-Temperaturen sech trotzdem nach opwierme kann an doduerch Haftung opbaue kann. Dat kann de Summerpneu net an ass duerfir net adaptéiert fir am Wanter domadder ze fueren.

Da kann et och sinn, dass net all Wanterpneu nach an deem selwechten Zoustand ass, och hei muss een oppassen wéi eng ee wou dropmécht.

Um Wanterpneu soll op mannst nach 4mm drop bleiwen. Ursaach ass, dass am Profil kleng Lamellen dra sinn, déi sech am Schnéi agräifen a wann de Pneu bis ënner 4mm kënnt, sinn déi Lamellen net méi do. Deen ass dann nach ze gebrauchen wann et naass oder dréchen ass, mä bei Schnéi funktionéiert de Pneu dann awer net méi gutt. Dat zweet ob dat ee soll oppassen ass den Alter. Wann de Pneu méi al gëtt, ass den Avantage dass e méi mëll ass a bei kalen Temperature ka schaffen net méi do. Dann ass d'Haftung vum Pneu net méi sou gutt. Wann ee se montéiert muss een oppassen, dass een déi mam meeschte Profil op déi hënnescht Achs mécht well den Auto soll an de Kéieren mam hënneschten Train stabil bleiwen. Oppassen soll een och op d'Lafrichtung déi e Wanterpneu dacks huet, dass een se richteg montéiert.

Also mir verhalen: déi gutt Pneuen op déi hënnescht Achs, egal ob vir oder hannen gedriwwen. Da ginn et jo och nach d'All-Weather-Pneuen. Dat wier dann e Kompromëss.

Et muss ee soen dass e Wanterpneu am Wanter besser ass wéi en All-Weather an am Summer e Summerpneu och besser ass. Dat kann awer eng Alternativ sinn fir Leit déi net vill musse fueren, déi net bei all schlechtem Wieder mussen eraus, do kann ee soen dass een All-Weather-Pneue ka gebrauchen. Fir all déi di all Dag musse fueren a bei all schlechtem Wieder mussen eraus, rode mir vum ACL awer, Wanterpneuen unzeschafen.

Also denkt un äre Rendezvous wann der se dann net selwer montéiert.