30.000 rosa Flätschen, dat ass den Challenge, dee sech Europa Donna dëst Joer ginn huet, an anere Wierder sollen 30.000 Euro gesammelt ginn. Well awer den traditionelle Broschtkriibslaf dëst Joer net wéi geplangt kann iwwert d'Bün goen, gouf déi virtuell Editioun an d'Liewe geruff.  D'Astrid Scharpantgen vun Europa Donna invitéiert jiddereen do mat ze maachen. 

02/10/2020 Broschtkriibslaf 2020

Mat enger rosa Flätsch dréckt ee seng Solidaritéit mat all deenen aus déi Broschtkriibs hunn. 30.000 rosa Flätschen, dat ass den Challenge, dee sech Europa Donna dëst Joer ginn huet, an anere Wierder 30.000 Euro solle gesammelt ginn. Well awer den traditionelle Broschtkriibslaf dëst Joer net wéi geplangt kann iwwert d'Bün goen, gouf déi virtuell Editioun an d'Liewe geruff.  D'Astrid Scharpantgen vun Europa Donna erkläert.

Well mir eis jo net kënnen treffe fir de Broschtkriibslaf an Neimënster, hu mir einfach den Challenge gemaach: mir wëllen 30.000 Rubans roses, also 30.000 rosa Schläife virtuell sammelen. An dofir hu mir en neien Internetsite gemaach, do kann ee kucke goen, sech aloggen an do matmaachen.

Matmaachen ass ganz einfach, sech eng sportlech Aktivitéit aussichen an lass et geet.
Mir soen de Leit doheem, Frënn, Famill a kleng Fitnessclubben, si sollen eppes zesumme maachen, ze Fouss goen, lafen oder Zumba maachen an da gi se op eise Site fir do eng Foto ze posten. Beispill ech sinn 10 Kilometer gelaf a spenden 10 rosa Schléifen. Also d'Foto mailen an en Don vun 10 Euro maachen.

Zu Lëtzebuerg sinn et all Joers eng 500 Fraen, déi vum Broschtkriibs betraff sinn an Etüde soen, dass knapp een Drëttel dovunner op ze vill Gewiicht a Mangel u Beweegung zeréckzeféiere ass. Dofir leet Europa Donna ee vu senge Fokusser op de Sport.

Wann ee sportlech aktiv ass a sech ëmmer beweegt, da kann ee säi Risiko fir Broschtkriibs a sengem Liewen ze kréien erofsetzen.

Déi Sue sinn immens wichteg déi erakommen a gi gebraucht, ënnersträicht Astrid Scharpantgen.

Déi Sue gi mir integral aus fir eis Fraen. Et ass wichteg fir eis, d'Leit och an dësen Zäiten ze hëllefen, mat deene Seance Soin de Support wéi Seance de Reflexologie, Sophrologie oder Yoga; datt d'Leit bei hiren Therapeut kënne goen a d'Hallschent wat eng Seance kascht, iwwerhëlt dann Europa Donna fir hir Memberen.

Europa Donna huet och hir Ambassadeuren an Ambassadricen, déi dësen Challenge an de Mëttelpunkt stellen an op flott sportlech Aktiounen dëser Deeg invitéieren; ënnert hinnen ass d'Françoise Hetto, déi vun Ufank un Europa Donna ënnerstëtzt an dëse Samschden 3. Oktober gëtt getrëppelt.

Ech hunn de Leit elo de Samschden RDV ginn, moies ëm 10 Auer zu Jonglënster um Biergerbierg. Eng ganz Partie Leit hu sech schonn s ugemellt. Mir gi 5 Kilometer walken. Einfach op d'Plaz kommen, op de Parking um Biergerbierg, do ass den Depart. Et geet duerch de Bësch, mir halen eis Distanzen a Sanitärmesuren an. Wat der méi, wat besser!

Solidaritéit mat deene Kranken, d'Tabubriechen an dat oppe Schwätzen iwwert de Broschtkriibs an alles wat domadder ze dinn huet, si wichteg Missioune bei Europa Donna an d'Françoise Hetto verbënnt hiert Engagement mat enger ganz perséinlecher Geschicht.

Ech selwer hu meng Mamm ganz jonk verluer, si hat schonn s ganz fréi Broschtkriibs, sou dass ech mech als jonk Fra fréi mat dem Thema ausernee gesat hunn. Ech sinn och all Joers a meng Mammografie gaangen; et huet een awer och déi Gedanke wann s du dohinner fiers, jee nodeem wat se haut elo soen, dann ännert däi Liewe vun engem Moment op deen aneren. Dofir sinn ech ganz sensibel fir dee Sujet, ech hunn och vill Frëndinnen, déi leider net wéi ech d'Chance hate fir net krank ze ginn. Déi hunn e richtege Calvaire do matgemaach, mä awer Gott sei Dank sinn se nach do an nees gesond sinn an ech sinn immens frou doriwwer.

Nach ass Zäit fir de virtuelle Broschtkriibslaf ze ënnerstëtzen, och nom 15. Oktober ass all Hëllef wëllkomm.
Kuckt op