Mëllech mécht eis staark a gesond, esou heescht et an der Reklamm. Anerer warnen: Wie Mëllech drénkt, lieft net wierklech gesond a si soll krank maachen. Wat ginn et eigentlech vun Alternative fir Mëllech a sinn déi och gutt? D'Michèle Schons huet mat enger Ernierungsberoderin op d'Fakte gekuckt

24092020 Alternativen zur Mellech

Planzlech Alternative fir Mëllech ginn ëmmer méi beléift. Mëttlerweil ass dat och méi wéi just e Moudetrend, well munch Leit einfach keng Koumëllech verdroen, oder och aus ethesche Grënn evitéiere wëllen. Op Laktoseintoleranz, Mëllechallergie, fir d'Léift zum Déier oder och wéinst dem Klimaschutz, villes schwätzt fir mol planzlech Mëllech a säi Kaffi ze schëdden an auszeprobéieren. Wéi gesäit dann de Momentanen Trend bei de Leit aus, Céline Genson, Dieteticienne?

Statistiken ginn et elo keng konkret, et mierkt een awer an de Consultatiounen dass vill Leit prett sinn fir eng Alternative zur Mëllech auszeprobéieren, sief et well se se net verdroen, oder well d'Mëllech an d'Kritik geroden ass, oder och well se sech vegan wëllen ernieren.

Sojadrink war laang Zäit déi eenzeg vegan Alternativ zu der Koumëllech. Entretemops ass d'Offer awer gewuess. Kaarzorte wéi Dinkel Huewer, Räis, oder op Basis vun Hülsefriichten, Soja, Lupinen, oder Ierbessen, oder Basis vun Nëss wéi Mandel, Cashew oder Kokosnoss. D'Matière Première gëtt gemuel, mat Waasser gemëscht, kal oder waarm gepresst, a fir dass eng Mëllech-ähnlech Konsistenz entsteet kënnt nach Fett, Emulgatoren an Aromen derbäi wéi Salz oder Zocker a Vitaminnen a Mineralstoffer. Wat d'Närstoffer ubelaangt an als wichteg Proteinquell ass awer de Sojadrink déi als eenzeg un d'Koumëllech erukënnt. Wéi gesond sinn déi Drinks dann?

Et kann een net pauschal soen. Wann een e Sojadrink ouni Zocker an Aromastoffer wéi Vanill oder Schokela dra sinn, kann een dat als Proteinquell benotzen, mee wann déi Drinks vill Zocker enthalen sinn se manner gesond. Wann een et elo an de Müsli oder Kaffi schëtt, oder fir dermat ze kachen ass et duerchaus ok, mee fir et als Proteinquell ze notzen, sollt een op Drinks zeréckgräifen, déi esou natierlech wéi méiglech sinn a wou net nach vill Zousazstoffer derbäi gemëscht sinn.

An der Spuenescher a Sizilianescher Kichen ass Mandelmëllech schonn zanter Joerhonnerte bekannt, mam ekologesche Bléck gekuckt, schneit déi awer net esou gutt of, well immens vill Waasser fir den Ubau gebraucht gëtt. Hei ass dann den Huewerdrink wéinst dem niddregen Energieverbrauch déi besser Alternative. Verschidde Produzenten offréieren och den Hanfdrink, dee méi Omega 3 an Omega 6 Fettsaieren huet, vill Antioxidanten wéi Vitamin E an A hunn, a Mineralie wéi Kalzium, Magnesium an Zénk.

An dat ass gutt fir Zellwuesstem, Bluttbild a Stoffwiessel, wat fir eng schéin Haut suergt. Hanfdrinks schmaachen och liicht séiss an nosseg, a sinn ideal fir ze baken.