D'Situatioun an der ganzer Banannenindustrie war schonn s virun der Coronapandemie desaströs. Mënscherechtsverstéiss, Misärssalairen, Kanneraarbecht, keng Sozialversécherung a Klimawandel an da kënnt elo och nach eng nei Krankheet derbäi. Wat dat fir d'Länner bedeit, aus deene mir Bananne kréien, erkläert de Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg.

30/09/2020 Kee Grond fir keng Fairtrade Banann ze kafen

D'Situatioun an der ganzer Banannenindustrie war schonn s virun der Coronapandemie desaströs. Mënscherechtsverstéiss, Misärssalairen, Kanneraarbecht, keng Sozialversécherung a Klimawandel an dann elo och nach eng nei Krankheet derbäi. Wat dat fir d'Länner bedeit, aus deene mir Bananne kréien, kann ee sech ausmolen, sou de Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg.

Vill Aarbechter op de Plantatiounen hunn den Ament d'Wiel tëscht Pescht a Cholera. Op der enger Säit, wa se doheem bleiwe fir sech ze schützen, hu se keen Akommes méi. Gi se op d'Aarbecht, sëtzen se zesummegepercht an d'Transportmëttelen, hu keng Distanz zu aneren op den Apakstatiounen. Si mussen dacks hire Masken an Händchen dann och nach selwer bezuelen.

Dozou kënnt dass d'Banannenaarbechter och nach Dag fir Dag mat Kontakt a Pestizide sinn a sou nach méi vulnerabel ginn. Am Ecuador zum Beispill, eent vun de gréisste Bananneproduzentelänner weltwäit, gëtt net fir näischt dat südamerikanescht Bergamo genannt.
Well och do sinn d'Leit a risege Masse gestuerwen an d'Biller, déi mir vu Bergamo gesinn hunn, hu sech am Ecuador widderholl. An dofir ass en aneren Handel bluttnoutwenneg.

Nieft Ecuador, schwätze mir do och nach vu Peru a Brasilien, déi immens an där Banannenindustrie leiden, elo nach méi wéinst deem Coronavirus.
Ech ginn Iech e Beispill, well mir mat der Cooperative APPBOSA zesummeschaffen a 75 Prozent vun de Banannen , déi zu Lëtzebuerg am fairen Handel sinn vun do kommen, déi hunn eis gesot wéi dramatesch et do ass. Do war eng Ausgangsspär, et sinn ëmmer méi Leit op der Strooss, déi heeschen am Norden. Et soll een och nach wëssen, dass den Test dohannen net gratis ass (64 Euro kascht) an do kämpfen d'Leit ëm hir Existenz an hiert Iwwerliewen. An deene Situatiounen weist sech de fairen Handel als rettend Sécherheetsnetz.

Dofir keng konventionell Banann méi kafen, mä no der Fairtrade-Banann gräifen. De Jean-Louis Zeien huet mat de Bananneproduzente geschwat.
A si soe ganz däitlech: Dir hutt am fairen Handel reagéiert an d'Konditioune sou adaptéiert, datt bis zu 100 Prozent vun der Fairtrade-Prime de Moment kënne genotzt gi fir d'Mesure géint Covid-19. Awer och gläichzäiteg fir Leit, déi dovunner betraff sinn an net méi kënne schaffe goen, datt se eppes ze iesse kréien an och Direktausbezuelunge kënne kréien. Also Fairtrade haut wielen, dréint dozou och bäi Liewen ze retten an dëser prekärer Situatioun.

Kuckt nom Logo vum Fairtrade a well d'Banann beim konventionelle Ubau d'Pestizidweltmeeschterin ass, ass et gutt ze wëssen...
Idealerweis an dat ass bei de Fairtrade-Banannen och, si sinn duebel zertifiéiert, si sinn och nach biologesch ugebaut.

Ouni Pestiziden, besser fir de Produzent an och fir de Consommateur, well op der konventioneller Bananneschuel am Oekotest Reckstänn vu Pestizide fonnt goufen. Vill Leit hunn dat entretemps zu Lëtzebuerg verstanen, well all 3. Banann ass haut  aus engem fairen Handel. Dat ass gutt, ma et bleift awer nach Loft no uewen.