Am Oktober geet d'Zäit an där ee sech géint d'Gripp impfe kann, lass. Grad esou wéi de Coronavirus, ass och d'Gripp eng Infektiounskrankheet a kann zum Beispill fir vulnerabel Persoune geféierlech ginn. A verschiddenen Apdikte waren d'Vaccinen awer elo scho séier ausverkaaft. D'Lea Schwartz huet beim Direkter vun der Santé dem Dr. Jean-Claude Schmit nogefrot wéi et den Ament mam Impfstoff géint d'Gripp zu Lëtzebuerg ausgesäit.

29/09/2020 Genuch Impfstoff géint d'Gripp zu Lëtzebuerg?

80.000 Vaccine géint d'Gripp, sou vill wéi nach ni virdru sollen de Lëtzebuerger dëst Joer zur Verfügung stoen. 30.000 extra Vaccinen huet d'Santé fir d'Reserve nationale bestallt an déi solle virun allem dem Personal am Gesondheetssecteur virbehale sinn. Den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé.

Dr. Jean-Claude Schmit: Well déi kënnen natierlech Vecteur si vun der Gripp an dann hire Patienten oder deene Leit, déi se betreien, déi Infektioun weider droen. Do wär et scho gutt wann déi méi géife geimpft gi wéi déi lescht Joren. (...) an da musse mir kucke wéi d'Situatioun am Dezember ass. Ob mir fir aner Bevëlkerungsgruppen eventuell mussen aushëllefen. Mat deenen Dosen déi mir zousätzlech kréien.

A verschiddenen Apdikten uechtert d'Land ginn et elo scho keng Vaccine méi. Mee dat géif net doru léien, dass keng méi do wären.

Dr. Jean-Claude Schmit: Also d'Apdikten hu scho Reservatiounen ugeholl säit enger gewëssener Zäit. Do ass natierlech de Prinzip deen éischten dee säi Vaccin reservéiert, gëtt als éischten zerwéiert.  Bon et ginn nach Apdikte wou Vaccin disponibel ass. Dat ass eng éischt Méiglechkeet. An dat anert wat ee muss wëssen. Déi Liwwerunge vum Vaccin kommen och net alleguer mateneen. Dat heescht do ass eng éischt Serië vu Liwwerungen elo komm. Mee am Laf vun de nächste Woche wäerten nach zousätzlech Liwwerunge kommen. An do soll een sech eventuell op eng Waardelëscht setze vun enger Apdikt. An da kënnt ee bei der nächster Liwwerung drun.

An awer ginn d'Vaccinen net duer fir déi ganz Lëtzebuerger Bevëlkerung ze impfen. Obwuel dat eng sënnvoll Mesure am Kampf géint d'Gripp wär. Domadder kéint een nämlech d'Zirkulatioun vum Virus an der Bevëlkerung ënnerbannen. Mee et wär net ëmsetzbar.

Dr. Jean-Claude Schmit: Well éischtens net jiddereen sech wëll impfe loossen. Dat ass déi eng Saach, an déi zweet Saach ass, den Impfstoff ass relativ limitéiert. Déi meescht Länner wëllen dëst Joer méi impfen. Et ass awer net esou vill méi Impfstoff um Marché ze kréien. Dat heescht dat ass net esou einfach do Impfstoff anzekafen. Och ee Land wéi Däitschland ass wäit dovunner wech, déi ganz Populatioun ze impfen.

D'Prioritéit hätten dofir déi Leit déi zu deene vulnerabelen an der Gesellschaft gehéieren. Dozou gehéieren zum Beispill eeler Leit, Mënsche mat Diabetis, enger Häerzkreeslaf -  oder Longekrankheet.

 Dr. Jean-Claude Schmit: Do hu mir och als Santé eng Recommandatioun gemaach un d'Dokteren. Fir effektiv als éischt déi Risikogruppen ze impfen. Éier een dann d'Population générale impft.

Genee Zuelen iwwert d'Infektiounen vun der Gripp an deene leschte Joren oder präzis Statistike ginn et zu Lëtzebuerg nach net. Dat soll sech awer änneren.

Dr. Jean-Claude Schmit: Mir hate bis elo keen obligatoresche System oder kee gudde System fir esou Fäll ze zielen. Mir hunn awer vun dësem Joer een neie System deen iwwert d'Laboratoire leeft. Dat heescht d'Laboratoire wann si ee positiven Diagnostik maache vun enger Gripp, da wäerten si eis dat matdeelen. Dat heescht vun dësem Joer un, wäerte mir do besser Zuele kréien. Et muss een awer dobäi soen, net jiddereen deen eng Gripp huet, geet bei den Dokter. An net jiddereen dee bei den Dokter geet, kritt dann och een Test gemaach, fir d'Gripp ze sichen.

Mir hunn och beim Apdikter Syndicat nogefrot an och do gouf confirméiert, dass nach weider Vaccinen an d'Apdikten komme sollen. Déi kritt een da mat enger Ordonnance vum Dokter.