D'Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale, kuerz d'LIGUE a säi Centre d'Information et de Prévention invitéieren op hir zweet Editioun vun der Semaine de la Santé Mentale, déi vum 3.-10. Oktober geet. D'Marie Gales huet mam Dokter Fränz D'Onghia geschwat.

02/10/2020 Semaine de la Santé Mentale 2.0

Natierlech geet et drëms fir e Suicide ze verhënneren, mä och fir eng Gesellschaft ze sensibiliséieren wat et heescht psychesch Problemer ze hunn an och eng Stigmatiséierung dovunner aus dem Wee ze raumen. Wichteg ass et awer och sou eng Krankheet ze erkennen.
D'Leit opzekläre wat fir si psychesch Problemer, wie betrëfft et, wéi kann ee psychesch Problemer behiewen, ass alles behandelbar; d'Iddi ass fir opzeklären dëst awer op eng méi ludique Aart a Weis also net just mat Konferenze mat groussen Experten aus dem Ausland.

Virun der Corona-Pandemie war geplangt an enger ganz Rei Gemenge kulturell a kreativ Aktiounen op d'Been ze stellen, ma elo muss dann digital verfuer gi mat Formatiounen, Videoconcoursen ënnert anerem
Am Virfeld vun der Semaine hu mir Videoconcours lancéiert wou Leit kleng Video konnte maachen, also Cours-métragen iwwert d'Santé mentale. Et sinn 22 Videoen erakomm, déi ginn och elo wärend der Semaine gewisen. Et ginn 2 Präisser ze gewannen, ee vun engem Jury an ee vum Publikum, deen iwwert d'sozial Medie bestëmmt gëtt. Do kann ee voten.

An da start och déi „1.Hëllef fir psychesch Gesondheet“ per webinar, mat engem Zertifikat um Schluss.
D'Iddi ass, datt jidderee vigilant gëtt, datt et eng Vigilance partagée gëtt tëscht all den Awunner. Sou wéi mir et bei den 1. Hëllefscourse kennen.Wann een ëmknéckst, da kuckt ee jo och net ewech, do geet ee jo och hëllefen. Sief et fir opzestoen oder wann ee méi kënnt, méi ze hëllefen. Dat selwecht wëlle mir och erreeche mat de psychesche Krankheeten. Wann een e gesäit, deem et net gutt geet, dee vläicht an der Strooss kräischt oder sech op der Aarbechtsplaz anescht verhält wéi üblech, da soll een och net wechkucken a sech trauen wou een hëllefe kann an déi éischt Schratt dovunner sinn fir richteg ze hëllefen.

Och nach eppes extra Flottes erwaart Iech de Samschden 10. Oktober, e kommentéierte Filmconcert.
E Filmconcert wou iwwert d'Museker bericht gëtt an och Stécker gespillt ginn, déi sech mat 27 Joer d'Liewe geholl hunn. Do ginn et der jo e puer, Amy Winehouse, Jim Morrison, Kurt Cobain an anerer.  Wärend dem Filmconcert gëtt eng Retrospektive vun hire Lidder gemaach an awer och vun Experten erkläert, wat déi Leit haten a wéi et och sou wäit konnt kommen an esou virun.

De Filmconcert gëtt de Samschden 8 Deeg op rtl.lu gestreamt, dee kënnt Dir do kucken. Méi no gekuckt, den nächste Méinden geet op RTL Tëlee riets vun de psycheschen Auswierkunge vun der Pandemie op d'Mënschen a wéi vill Leit sech bei SOS Detresse gemellt hunn.
An och wichteg, den nächste Méinden geet der Prevention suicide hiren neien Internetsite online.