"Lokale Antworten auf globale Herausforderungen", dat ass de Motto dëst Joer vum Europäeschen Duerferneierungspräis. An genee déi Äntwerte sollt d'Gemeng Garnech hunn, déi goufen nämlech vum Landwirtschaftsministère fir dëse Präis nominéiert. Dofir sinn haut dann och 4 Memberen aus enger internationaler Jury op Besuch an déi klengste Gemeng aus dem Weste komm fir sech hiert Bild dovunner ze maachen. D'Lea Schwartz war op der Plaz.

30/09/2020 Europäischer Dorferneuerungspreis (laang Versioun fir den Internet)

Den Europäeschen Dorferneuerungspreis, ass wuel fir vill Leit kee Begrëff. Dobäi ass dat e Präis, bei deem Lëtzebuerg an deene leschte Joren dacks mat virbäi war. Deen Präis gëtt et zanter de fréien 1990er Joren an hei kënnen europäesch Gemenge gewannen, déi eng besonnesch nohalteg a siichtbar Entwécklung opzeweisen hunn. 1996 huet sech zum Beispill Biekerech als Lëtzebuerger Gemeng géint déi international Konkurrenz duerchgesat. All zwee Joer gëtt et de Concours an et ass ëmmer de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, deen ee Kandidat fir de Präis nominéiert. Den Arno Frising war als Vertrieder op der Plaz. Et ass net déi éischte Kéier, dass speziell Garnech an der Diskussioun war.
Arno Frising: 2018 hate mir och scho Garnech am Fokus gehat. Allerdéngs waren d'Projete vun der Gemeng dunn nach am gaangen ze entstoen oder am lafen a mir sinn 2020 elo méi weit. Sou, dass mir ganz kloer interessant, flott Projete kënnen dokumentéieren.

Een sou ee Projet ass zum Beispill de Kino zu Koler, ma och d'Duerf u sech. Wie schonn eng Kéier doduerch gefuer ass, deem si vläicht grouss Konschtwierker op verschiddenen Häiserfassaden opgefall. Dat alles ass en Deel vum Projet "Make Koler Cooler" vum Artist Alain Welter. Als gebiertege Koler hat hien d'Iddi fir säin Heemechtsduerf fir eng Bacheloraarbecht ze verschéineren. De George Fohl ass de Buergermeeschter et wär virun allem dës enk Zesummenaarbecht mat de Bierger, déi an der Gemeng Garnech fir vill Verännerungen an deene leschte Jore gesuergt huet.
Georges Fohl: Wann een hei Koler kuckt, wat hei alles zu Koler passéiert ass. Dat wär mat Sécherheet net passéiert wann mir d'Bierger net mat abezunn hätten. Dat sinn déi, déi dat decidéiert hunn wat heihinner kënnt. (...) An dat ass immens wichteg hautdesdaags, well mir da vermeiden, dass d'Gemengen eppes dohinner setzen an d'Bierger huelen et net un. Genau dat, wat hei net passéiert ass. Wann ee bedenkt dee Kino hei, dee gëtt vu Benevolle bedriwwen. Dat hätte mir eis och net anescht kéinte leeschten. Mee dat ass ee Succès deen ass eemoleg. An do ass et och gutt, dass mir kënnen an där Richtung kënne weiderfueren.

Am Kino, dem Kinoler gouf d'Jury dann och als alleréischt empfaangen. An vun do aus un, tickt d'Auer. Just 4 Stonnen haten déi Responsabel dann Zäit, d'Jury vun der Gemeng an hirer Entwécklung ze iwwerzeegen.
Georges Fohl:  Bon, do ass et dann och elo sou, dass mir fir d'éischt Koler weisen. An da gi mir an déi eenzel Dierfer, mir ginn op Duelem, mir ginn op Héiweng, mir ginn op Garnech a mir fueren nach doriwwer eraus an d'Leader Regioun. An all Duerf ass eppes ze weisen, wat flott ass, wou mir houfreg dorobber sinn.

D'Leader Regioun "Lëtzebuerg West" ass de Partner vun der Gemeng Garnech an huet si an der Entwécklung an deene leschten Joren ënnerstëtzt. D'Leader Regioun ass eng europäesch Initiativ, déi Verbindungen tëscht Projeten an Acteuren am ländleche Raum soll maachen. D'Christiane Eicher-Karier ass d'Presidentin, d'Leader Regioun ass do fir ze ënnerstëtzen an ze begleeden.
Christiane Eicher-Karier: Wann ee Bierger, een eenzele Bierger eng Iddi am Kapp huet. Da kann en an de Leaderbüro goen, a kritt och gesot wéi e sech soll uleeën. Oft huet een eng Iddi a wéi setzen ech déi elo ëm? Wat maachen ech? De Leaderbüro ass do an en äntwert, an en hëlleft och dat dann ausschaffen. Mee en ass dann och do fir finanziell Ënnerstëtzung ze ginn.

D'Basis vun der Aarbecht déi an de leschte Joren an der Gemeng gemaach goufen, maachen d'Bewunner aus. De Buergermeeschter nennt et eng participativ Approche. D'Leit géifen sech responsabel fille fir matzeschwätzen.
Christiane Eicher-Karier: Garnech huet et fäerdeg bruecht keng Schlofgemeng ze ginn. Si leien och no bei der Stad an si hunn ganz vill Leit déi bei wanderen. An awer hunn si et fäerdeg bruecht, nei Awunner an al Awunner zesummen ze bréngen. An déi schaffen hei zesummen an ech mengen et ass formidabel wat si do gemaach hunn.

Réischt am Fréijoer 2021 gëtt een da gewuer, wéi d'Jury sech entscheet huet. Dann gëtt de Gewënner vum Duerferneierungspräis public gemaach. Am ganzen kucke si sech 26 Dierfer un. De Gewënner kritt awer keng Suen. Arno Frising.
Arno Frising: Also déi Kandidaturen, déi an deem Concours iwwerhaapt matmaachen, déi setzen sech op déi international Kaart vun der internationaler Duerfentwécklung oder vun der Duerfentwécklung queesch duerch Europa. An et ass eng Fro vu Renommée. Eng Gemeng Biekerech huet sech schonn an Europa bekannt gemaach a Saachen integréiert an nohalteg Duerfentwécklung. An dat ass mat anere Kandidaturen déi mir als Lëtzebuerg konnte presentéieren an deem Concours do genausou de Fall.