12 Stonne schaffen, eppes iessen an dann an d'Bett.
Dat war während Wochen den Alldag vun der Lëtzebuerger Infirmière Tessy Fautsch.
Während dem Lockdown zu Lëtzebuerg huet si hier Saache gepaakt an ass fir Medecins sans frontières an de Yemen gereest. De Gros vun der Zäit huet si do an engem Covid Projet gehollef.
D'Biergerkrichsland huet net dee beschte Gesondheetssystem an -Dany Rasqué- d'Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun hunn och op hier eege Sécherheet missten oppassen.

01/10/2020 Tessy Fautsch MSF am Yemen 7h20 DR