Sechs Auteuren hu sech iwwer dës Fro hir Gedanke gemaach a probéiert eng Äntwert ze fannen. Jiddereen op seng Manéier an a sengem Stil an Thema. Zu Esch Uelzecht am Theater gëtt erëm Cabaret gespillt. D'Fro, déi sech stellt: Si mer nach ze retten?
Eng Fro, déi een op verschiddenen Niveaue verstoe kann. Et geet ëm de Cabaret, ëm d'Lëtzebuerger, ëm d'Mënschheet allgemeng.
Op Initiativ vun der Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang siche sechs Auteuren no enger Äntwert: de Roland Gelhausen, de Pierre Puth, de Claude Faber, de Francis Kirps, d'Christiane Kremer an de Jay Schiltz, dee jo leider virun e puer Méint gestuerwen ass. D'Produktioun war fir de Mee virgesinn an ass elo op den Oktober verluecht ginn. Domadder huet d'Fro sech awer nach laang net beäntwert, am Géigendeel. Den Dan Vinkowski huet de Claude Faber an de Francis Kirps am Bistro nieft dem Theater begéint a sech mat hinnen ënnerhalen.

08102020-KulturEschKabaretSiMerNachZeRetten (Radio)

© Max Wagner

"Si mer nach ze retten?"

Et ass näischt méi wéi et war. Mir sinn net méi déi selwecht Mënsche wéi virdrun. Dat wäerte mer ganz kloer mierken, wann endlech all Leit hir Maske fale loossen. Et ass ee gespaant ze gesinn, wie sech als Éischten traut nees engem aneren d’Hand ze reechen. A mir wäerte ganz genee kucken, wie weiderhi seng Hänn wäscht. An Onschold. D’Fro ass elo méi wéi berechtegt. Si mer nach ze retten?
Eise Bistro ass lo mol endlech nees op. D’Liewe muss jo weidergoen. Fir déi, déi et gepackt hunn. A fir déi ass e Bistro lo liewenswichteg. Fir sech auszetauschen. Mat aneren. Déi laang Zäit an der Isolatioun war net einfach ze iwwerstoen. Sou laang eleng. Naja, wann een nach eleng gewiescht wier. Mä mam Partner … an do waren och op eemol Kanner, vun deenen ee bis dohinner quasi ni eppes matkritt hat. Mir musse lo no vir kucken an dat och ëmsetzen, wat mer eis an deene schwéiere Stonne virgeholl haten. Endlech immun ze ginn.

Op der Bün stinn: Claude Faber, Roland Gelhausen, Clod Thommes, Francis Kirps a Christiane Kremer.

Gespillt gëtt den 13. Oktober (20 Auer) an den 18. Oktober (17 Auer) am Escher Theater.

 

Hei kommt Dir nach e méi laangen Interview mat weideren Detailer:

08102020-KulturEschKabaretSiMerNachZeRetten (Web)

© Max Wagner

© Max Wagner

© Max Wagner