Mat vill Verspéidung ass den Airbus A400M Militärfliger vun der Lëtzebuerger Arméi zu Lëtzebuerg ukomm - e bleift awer just e puer Deeg hei am Land, iert en dann op Melsboerk an d'Belsch weider flitt, wou e stationéiert an ënnerhale gëtt. D'Fanny Kinsch war bei der Landung vum neie Militärtransporter gëscher Owend um Findel dobäi.

08/10/2020 BAND Militärfliger 07h20 -kinsch-