Moies, Mëttes an Owes maache mer et, vläicht och heiansdo tëschenduerch – Iessen. Ma wie sinn déi Leit, déi fir eis hei am Land d’Liewensmëttel produzéieren? Vun haut u bis e Freide léiere mir der 5 kennen. Dobäi ginn et awer hei zu Lëtzebuerg aktuell 1616 Baueren, 275 Wënzer, 98 Geméisgäertner a 87 Uebstbauer. Elo um Radio an den Owend op der Tëlee stelle mir iech den éischte Liewensmëttelproduzent, de Franky Peller vu Keespelt, vir. Isabelle Henschen.

12/10/2020 Regional a Saisonal: Fanky Peller

Fir de Franky Peller war et schonn s als Kand kloer: Bauer wëll hie ginn. No der Ackerbauschoul ass hien op Hohenheim an Däitschland Agrarwësseschafte studéiere gaangen an huet dunn de Familljebetrib zu Keespelt, zesumme mat senger Frëndin iwwerholl. 2016 koum d’Entscheedung fir d’Liewensmëttel direkt ze vermaarten. Dat heescht direkt un de Konsument ze verkafen. Eeër, Nuddelen, Gebeess, Gromperen, Kalbassen, Viz a jee no Saison aner Saachen bitt hien elo op engem klenge Stand un.
 
E Beispill: hir Hénger fiddere si mat Gentechnikfräiem Fudder, dat op Nofro vun de Clienten. Mat 30 Hénger huet hien ugefaangen, elo sinn et der 350 a solle nach méi ginn. D’Nofro wier grouss, regional Produiten si gefrot.
1906 landwirtschaftlech Betriber ginn et aktuell hei am Land. Iwwert déi läscht Jore sinn et der ëmmer manner ginn, an awer gesäit den Franky Peller d’Zukunft vun der Landwirtschaft hei am Land positiv. 
 
Fir d’Zukunft plange si méi e méi groussen Buttek, en ëmfunktionéierte Schëffscontainer, deen elo weider ausgebaut gëtt, steet dofir schonn um Haff prett.