Geet een an de Supermarché oder d’Epicerie kann een alles Méigleches u Liewensmëttel kafen. Verschiddenes kënnt aus der Regioun, aneres gëtt vu wäit hier importéiert. Am Geméisrayon kann ee liese wou dass d’Produiten hierkommen, dat muss deklaréiert ginn. E Groussdeel vum Geméis gëtt importéiert, mee an de leschte Joren ass ëmmer méi Geméis hei am Land ugebaut ginn. Och den Nico Eschette, e Liewensmëttelproduzent vu Näertrech, huet sech dëst Joer dozou entscheet Geméis op sengem Betrib unzebauen. Isabelle Henschen.

13/10/2020 Regional a Saisonal: Nico Eschette

Kalbassen a Courgette ginn zanter dësem Joer am grousse Stil um Haff vum Nico Eschette zu Näertrech ugebaut. 20 Joer schonn huet hien e Bio-Betrib, ma Geméis huet hie bis dëst Joer keent produzéiert. Elo mécht hien dat awer op Nofro fir e Lëtzebuerger Uebst-a Geméishändler, an schéngt no enger Saison schonn dovunner iwwerzeegt.
 
Firwat grad dës Zorten? Ma well een dofir keng speziell Maschinne misst kafen. Allerdéngs huet eng Aarbechtskraaft méi missten agestallt ginn fir op den 2 Hektar bei der Recolte ze hëllefen. Fir hien huet d’Geméis, wat hei am Land produzéiert gëtt kloer Virdeeler, ma bei de Konsumenten ze landen, wier net ëmmer sou einfach. 
Den Nico Eschette ass op engem Haff grouss ginn a lieft elo mat senger Fra an den zwee Kanner zu Näertrech, net wäit vu Wolz, direkt um Betrib. Kafe Konsumente regional Produiten, setzen si senger Meenung no domadder och en Zeechen.
 
Hien huet ee vun den 1906 landwirtschaftleche Betriber, déi et aktuell hei am Grand-Duché ginn.