D’Nofro no Liewensmëttel déi hei am Land produzéiert ginn, ass grouss. Dat confirméieren eis déi 5 Produzenten, déi mer iech am Laf vun dëser Woch virstellen. Dës Betriber baséieren op der traditioneller Landwirtschaft ma hunn sech awer an de leschte Jore fir speziell Nischen entscheet. Sou och de Jean-Paul Friederes deen d’Uebst aus der Regioun zu ville verschiddene Produite verschafft, vu Jus, iwwert Sirop hin zu Gebeess, Isabelle Henschen.

14/10/2020 Regional a Saisonal:Jean-Paul Friederes

Beim Jean-Paul Friederes um Haff dréint sech am Hierscht alles ronderëm d’Äppel, dat zanter 2008. Zesumme mat sengem Brudder huet hien sech entscheet de Betrib an eng nei Richtung weider ze entwéckelen. Hiert Konzept: De Leit hire Jus vun hiren Äppel pressen a fir si verpaken. Sou huet den traditionellen Bauerebetrib seng Nisch fonnt, d’Eppelpress war gebuer, wat dem Jean-Paul Friederes no néideg war fir rentabel ze bleiwen. 
 
D’Nofro no regionale Produiten wier grouss a wat de Jean-Paul Friederes iwwert déi läscht Jore gemierkt huet: D’Leit wëllen de Produzent kenneléieren. Dofir ass seng äntwert op d’Fro: “Wat dat wichtegst ass bei der Vermaartung vu regionale Produiten?” ganz kloer:
 
Schmaachen an sech vun der Qualitéit iwwerzeegen ass dat eent. Den Design vun der Verpackung spillt  dem Jean-Paul Friederes no awer och eng grouss Roll fir bei de Konsumenten hei am Land unzekommen. Heifir hu si op jonk Lëtzebuerger Designer gesat. Dat mat Erfolleg, erauskoum en Design, deen am In- an Ausland Präisser gewonnen huet. 
 
Hien huet mam Verkaf op sengem Haff gestart, ma elo sinn d’Produiten an enger ganzer Partie Butteker am Land ze fannen.